7er-Rugby

Olympesch Sportsdisziplin, Variant vum Rugby Union
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De 7er-Rugby ass eng Variant vum Rugby Union, deen allgemeng nëmmen als Rugby oder op Franséisch Rugby à 15 oder Rugby XV bekannt ass. Am Géigesaz zum traditionelle Spill, gëtt just mat siwen amplaz vu 15 Spiller pro Ekipp gespillt.

7er-Rugby
Typ Rugby Union, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter 2016
Federatioun
International International Rugby Board
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de rugby
Ursprong
Ursprongsland Vereenegt Kinnekräich
Erfonnt 1833
Erfinder Ned Haig, David Sanderson
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Rugbyball, Rugby-Union-Terrain
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Fidschi (2022)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Australien (2022)

Geschicht änneren

Et gëtt ugeholl, datt de Rugby Union 1823 wärend engem Fussballmatch erfonnt gouf, wéi e Student vun der Rugby School an England, de William Webb Elis, de Ball an d'Hand geholl huet an iwwer d' Zillinn gelaf ass.

Tëscht 1845 an 1848 hu Studente vun der Rugby School zesumme mat Studente vun der Universitéit vu Cambridge d'Reegele vum Rugby Union festgeluecht, bei deem 15 Spiller pro Ekipp virgesi sinn. De 7er-Rugby gouf 1883 vun zwéi schottesche Metzler, dem Ned Haig an dem David Sanderson, erfonnt, fir Spenden ze sammelen.

Spillfeld änneren

De 7er-Rugby gëtt op engem normale Rugbysterrain a voller Längt gespillt, awer just mat siwen amplaz vu 15 Spiller an all Team; dräi Stiermer a véier Verdeedeger.

Reegelen änneren

E Match dauert 2 × 7 Minutten, mat enger Paus vun enger Minutt tëscht den zwou Hallschechten.

Déi Ekipp déi um Enn vum Spill am meeschte Punkten huet, wënnt. Fir e Versuch (Try) gëtt et fënnef Punkten, zwéi fir eng Conversion an der dräi fir e Penalty kick oder en duebele Gol.

De Ball däerf net mat der Hand no vir gespillt ginn, mam Fouss kicken ass awer erlaabt.

Jidder Spiller, deen eng Giel Kaart kritt, muss fir zwou Minutte vum Terrain; bei enger Rouder Kaart däerf en definitiv net méi am Match matspillen.

7er-Rugby an d'Olympesch Spiller änneren

Rugby Union (am 15er-Format) war scho véiermol bei den Olympesche Summerspiller derbäi: 1900 zu Paräis, 1908 zu London, 1920 zu Antwerpen an 1924 zu Paräis.

Am Oktober 2009 hunn d'Membere vum Internationalen Olympesche Kommitee (IOC) decidéiert fir de Rugby nees als Olympesch Disziplin, am 7er-Format, opzehuelen, sou datt de 7er-Rugby zënter de Spiller vu Rio (2016) am offizielle Programm ass.

Olympesch Summerspiller 2024 änneren

Fir d'Olympesch Summerspiller 2024 zu Paräis si fir de 7er-Rugby am Ganzen 288 Athleeten (24 Ekippen) zougelooss. D'Kompetitioune ginn am Stade de France gespillt.

7er-Rugby zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg gëtt et siwe Rugbyclibb déi am nationale Verband federéiert sinn.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de rugby.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: 7er-Rugby – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren