Guam
Insel am nord-westleche Pazifeschen Ozean; Baussegebitt vun den USA
Guam, op Englesch Guam an op Chamorro Guåhån, ass déi südlechst Insel vun der Marianen-Inselgrupp am nord-westleche Pazifeschen Ozean. Et ass ee vun de Baussegebidder vun den USA, en Unincorporated Territory. D'Haaptstad heescht Hagåtña.
Guam | |
---|---|
Geographie | |
Kontinent | Ozeanien |
Land | USA |
Läit an/am | Pazifeschen Ozean |
Gehéiert zu | Mikronesien |
Koordinaten | 13°30'N, 144°48'O |
Fläch | 544,0 km² |
Héchste Punkt | Mount Lamlam () |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | USA |
Haaptuert | Hagåtña |
Demographie | |
Awunner | 153.836 |
Awunnerdatum | 2020 |
Liewenserwaardung | 79,575 Joer |
Aner Informatiounen | |
Genannt no | onbekannt |
Wärung | US-Dollar |
Nationalhymn | Stand Ye Guamanians |
Internet TLD | .gu |
Internat. Telefonsprefix | +1671 |
Guam huet ronn 154.000 Awunner (Stand: 2020) déi haaptsächlech Bananne, Mais an Ananas zillen. Hautdesdaags ass den Tourismus, haaptsächlech aus Japan, déi wichtegst Industrie. Gläich duerno stinn d'Revenue vun den amerikanesche Militärbasen.
Billergalerie änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Guam – Biller, Videoen oder Audiodateien |