Amerikanesch-Samoa

Baussegebitt vun de Vereenegte Staaten am Pazifik
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Baussegebitt vun den USA am Pazifik. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Samoa (Homonymie).


Amerikanesch Samoa (en: American Samoa, sm: Sāmoa Amelika) ass e Baussegebitt vun de Vereenegte Staate vun Amerika am südleche Pazifik. Et ass en Deel vun de Samoainselen a stéisst am Südosten un den onofhängege Staat Samoa. Déi flächeméisseg gréisst Insel an déi mat de meeschten Awunner ass Tutuila, mam Haaptuert Pago Pago.

Amerikanesch-Samoa
US-Samoa

Fändel vun Amerikanesch-Samoa

Sigel vun Amerikanesch-Samoa

Detailer

Detailer
National Devise: Sāmoa, Muamua Le Atua
(„Samoa, looss Gott op der éischter Plaz sinn“)
Offiziell Sprooch: Englesch
 • Koordinaten: 60° 06’ 5.4’’ N
      19° 56’ 29.8’’ O
Staatsform: Baussegebitt vun den USA
Fläch: 199±1 km²
Bevëlkerung: 49.710
Nationalhymn: Amerika Samoa
Wärung: US-Dollar
Zäitzon: UTC -11
Internet TLD: .as
Internationalen
Telefonsprefix
:
+1684
Plage am Nationalpark op Ofu

Wärend dem Zweete Weltkrich krut Amerikanesch-Samoa an de Joren 1942 bis 1945 temporär eng méi grouss strateegesch Bedeitung fir d'USA, well de Bau vun engem Stëtzpunkt fir d'Marinn an e Fluchhafen (Pago Pago International Airport) decidéiert gouf.

Eng besonnesch kulturell Eegenschaft vun der ganzer Inselgrupp ass d'Nieftenee vum modernen amerikanesche Liewensstil mat de samoaneschen Traditiounen.

Geographie änneren

Amerikanesch Samoa ass de gréissten US-Territoire südlech vum Equator an erstreckt sech iwwer e puer Vulkaninselen an zwéi kleng Atollen a Polynesien:

Wichteg Uertschaften, nieft der Haaptstad Pago Pago sinn Tula Village, Amanave, Vaitogi an Tāfuna.

Sproochen änneren

Offiziell Sproochen op Amerikanesch Samoa sinn Englesch an Samoanesch, eng polyneesesch Sprooch déi vun 90,6 % als Mammesprooch geschwat gëtt.

 

Um Spaweck änneren

Commons: Amerikanesch-Samoa – Biller, Videoen oder Audiodateien