Brittesch Joffereninselen
![]() |
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Brittesch Joffereninselen (engl. the British Virgin Islands) sinn eng Inselgrupp vun de klengen Antillen an der Karibik, a leie ronn 100 km ëstlech vu Puerto Rico. Si sinn e brittescht Iwwerséigebitt.
'British Virgin Islands' | |||||
| |||||
National Devise: The Land, The People, The Light (engl. „D'Land, d'Vollek, d'Liicht“) | |||||
![]() | |||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
Haaptstad: | Road Town | ||||
Staatsform: | Brittescht Iwwerséigebitt | ||||
• Landeschef: | Elizabeth II. Gouverneur: John Duncan | ||||
• Regierungschef: | Olrando Smith | ||||
Fläch: | 17 098 242[1] km² | ||||
Bevëlkerung: | 31.148 (Quell: CIA 2012) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 148/km² | ||||
Nationalhymn: | God Save the King | ||||
Wärung: | US-Dollar (USD) | ||||
Zäitzon: | UTC UTC -4 | ||||
Internet TLD: | .vg | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+1 284 |

16 vun de méi wéi 60 Inselen a Riffer si bewunnt.
Geographie änneren
Zum Gebitt vun de Brittesche Joffereninsele gehéieren d'Inselen Anegada, Beef Island, Cooper Island, Ginger Island, Jost Van Dyke, Norman Island, Peter Island, Salt Island, Tortola, Virgin Gorda a doriwwer eraus och nach aner kleng Inselen ëm de Sir-Francis-Drake-Kanal.
D'Insel Anegada besteet aus Korallen a Kalleksteen an ass relativ flaach, déi aner Insele si vun vulkanescher Originn, mat Bierger an Hiwwelen. Den héchste Punkt vun den Inselen ass de Mount Sage mat 521 m op Tortola.
D'Klima ass tropesch a fiicht, d'Temperature ginn duerch de Wand ofgeschwächt. Hurrikaner an tropesch Stierem gëtt et vu Juli bis Oktober. Déi natierlech Reservë vun Drénkwaasser si begrenzt, mat der Ausnam vun ettleche Flëss, déi am Summer ausdréchnen, a vu Quellen op Tortola. De gréissten Deel vun der Waasserversuergung vun den Insele kënnt aus Buren an de Reewaasser-Gebidder.
Bevëlkerung änneren
Déi Brittesch Joffereninselen hunn ongeféier 31.000 Awunner. D'Majoritéit vun den Awunner ass vun afrikanescher Ofstamung.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: British Virgin Islands – Biller, Videoen oder Audiodateien |