One, Two, Three ass en US-amerikanesche Kaméidisfilm vum Billy Wilder aus dem Joer 1961, deen de Wilder zesumme mam I. A. L. Diamond geschriwwen huet, fräi nom Theaterstéck Egy, kettő, három vum Ferenc Molnár vun 1929. De Film gouf tëscht Juni a September 1961 zu Berlin an zu München gedréint.

One, Two, Three
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1961
Première 15. Dezember 1961
Dauer 115 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 2,35:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Billy Wilder
Dréibuch Billy Wilder
I.A.L. Diamond
Fotografie Daniel L. Fapp
Musek André Previn
Schnëtt Daniel L. Fapp
Produzent Billy Wilder
Mirisch Corporation
United Artists
Produktiouns-
gesellschaft
United Artists
Schauspiller
James Cagney als Mr. MacNamara
Horst Buchholz: Otto Ludwig Piffl
Pamela Tiffin als Scarlett Hazeltine
Arlene Francis als Phyllis MacNamara
Hanns Lothar als Schlemmer
Liselotte Pulver als Fraulein Ingeborg
Howard St. John als Wendel P. Hazeltine
Leon Askin als Peripetschikoff
Ralf Wolter als Borodenko
Peter Capell als Mischkin
Hubert von Meyerinck als Graf Waldemar
von und zu Droste-Schattenburg
Karl Lieffen als Fritz
Lois Bolton als Melanie Hazeltine
Henning Schlüter als Dr. Bauer
Til Kiwe als Zeitungsreporter Untermeier
Karl Ludwig Lindt als Zeitlitz
Rose Renée Roth als Haushälterin
vun de MacNamaras
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den C. R. MacNamara (James Cagney) ass Direkter vun der Coca-Cola-Succursale zu West-Berlin. Am Hoffes op eng Befërderung akzeptéiert en, sengem Chef vun Atlanta seng Duechter Scarlett, déi op Europarees ass, bei senger Famill doheem opzehuelen, obwuel em dat guer net zu paass kënnt: Seng Fra a Kanner hätten am Fong solle verreesen, an hien hätt dann Zäit gehat, fir mat senger jonker däitscher Sekretärin Ingeborg den Umlaut ze üben...

Soss änneren

De Film spillt am Kale Krich an der gedeelter Stad Berlin virum Mauerbau. Allerdéngs gouf matzen an den Dréiaarbechten, den 13. August, ugefaangen, d'Mauer ze bauen. Dofir hunn d'Zeenen, déi bei der Brandenburger Paart spillen, an enger extra nogebauter Kuliss an de Bavaria-Studioen zu München misse gedréint ginn. Domat war de Film op ee Schlag och net méi aktuell, an ass ufanks beim Publikum an den USA an a Westdäitschland net gutt ukomm.

 
Fréier Coca-Cola-Succursale zu Berlin-Lichterfelde (2013).

Um Spaweck änneren