De Fernand Hoffmann gebuer den 8. Mee 1929 zu Diddeleng, a gestuerwen den 22. November 2000 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Auteur, Literaturkritiker a -wëssenschaftler a Sproochwëssenschaftler. Op säi Kont ginn iwwer 400 Publikatiounen.

Fernand Hoffmann
Gebuer 8. Mee 1929
Diddeleng
Gestuerwen 22. November 2000
Hollerech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Literaturwëssenschaftler, Schrëftsteller

Säi Liewen änneren

De Fernand Hoffmann wiisst zu Hollerech op a mécht seng Première 1948 am Athenäum. Hie studéiert zu Paräis op der Sorbonne Germanistik, Geschicht a Philologie (bis 1951) an zu Tübingen (bis 1953) a gëtt duerno Professer zu Lëtzebuerg.

1967 gëtt hie Prof um Institut pédagogique (dem Virleefer vum ISERP).

1968 mécht en op der Uni zu Nanzeg seng Promotioun als "docteur ès lettres" iwwer den Thomas Mann.

Vun 1977 bis 1992 ass hie Professer um Cours universitaire (dem spéidere Centre universitaire de Luxembourg), an ass Member vum Institut grand-ducal.

Publikatiounen änneren

Dem Fernand Hoffmann seng Bibliographie ëmfaasst iwwer 400 Publikatiounen, dorënner eng Onmass vu Bicher- an Theaterrezensiounen, Vir- an Nowierder, Noriff a Laudatioen. An den 1950er Jore kommen 1-3 Publikatiounen an der Academia, vun de Sechzeger Joren un ëmmer méi an der Warte eraus. An den 1960er Jore schreift hien och seng éischt Fiktiounen a Form vu Romaner (Die Grenze, 1972), Radiospiller (Pier Beautemps, 1962) an Theaterstécker (Adamesstrooss 13, 1965). Aner Romaner sinn nokomm:

  • Nachträgliche Erhebung, 1981
  • Die zahme Krähe, 1986
  • Die Streuwiese, 1988,
  • Pitterchen, 1992.

D'Geschichte der Luxemburger Mundartdichtung (Bd 1.: 1964, Bd. 2: 1967), ass seng éischt grouss Fuerschungspublikatioun. Zu senge Fuerschungsaarbechten ass och seng Doktoratsthes ze zielen:

  • Thomas Mann als Philosoph der Krankheit. Versuch einer systematischen Darstellung seiner Wertphilosophie des Bionegativen, 1975.

Ausserdeem gëtt et d'Monographien:

  • Standort Luxemburg, 1974;
  • Heimkehr ins Reich der Wörter, Versuch über den Schweizer Schriftsteller Gerhard Meier, 1982;
  • Dicks, oder der Abstieg und Aufstieg des Edmond de la Fontaine, Leben und Schaffen eines Nationaldichters, 1991;

an, an der Linguistik:

  • Sprachen in Luxemburg, Sprachwissenschaftliche und literaturhistorische Beschreibung einer Triglossie-Situation, 1979;
  • Zwischenland, Dialektologische, mundartphilosophische und mundartliterarische Grenzgänge, 1981.

Aner Buchpublikatioune ginn, wéi seng Artikelen och, iwwer déi verschiddenst Sujetën:

  • Luxemburg bei Tisch. Ein nahrhaftes Lesebuch, 1962.
  • Öslinger Geschichten, 1965.
  • Mëscheler. Luxemburgisches am Rande vermerkt, 1968.

Ëm 1990 kënnt eraus, datt de Fernand Hoffmann et beim Kenntlechmaache vun de Quellen an e puer Artikelen net sou genee geholl hat an der en ettlech 'vergiess' huet.[1]

Gielercher änneren

De Fernand Hoffmann gouf mat eng Rëtsch Gielercher ausgezeechent:

Literatur iwwer de Fernand Hoffmann änneren

  • Émile van der Vekene,: "Fernand Hoffmann. Versuch einer Bibliographie seiner Veröffentlichungen. 1953-1993." In: Kohnen, Joseph; Solms, Hans-Joachim; Wegera, Hans-Peter (Hg.): Brücken schlagen... 'Weit draussen auf eigenen Füssen'. Festschrift für Fernand Hoffmann. Frankfurt-am-Main 1994, S.385-409.
  • Wegera, Klaus-Peter: "Fernand Hoffmann zum 65. Geburtstag am 8. Mai 1994", in: Bulletin Linguistique et Ethnologique, fascicule 26, Luxembourg 1995.
  • JG Joseph Groben: "In memoriam Fernand Hoffmann, Pädagoge, Schriftsteller und Wissenschaftler (1929-2000)", in: Die Warte 14.12.2000 (och am Journal de l'APESS N° 37)
  • Hoffmann, Fernand: "Der Beitrag der luxemburgischen Professorenschaft zur Sprachwissenschaft und zur Erfoschung des Luxemburgischen". In: APESS (Hg)(1986): Récréation N°5, S.126-164

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Robert Thill: "Fernand Hoffmann, ein Luftikus aus der Provinz, oder: Der Plagiator als Prahlhans." d'Letzeburger Land 4. Mee 1990.