Philippe Servais

lëtzebuergeschen Industriellen
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Philippe Servais, gebuer de 5. Februar 1810 zu Miersch a gestuerwen den 22. November 1890 zu Kürenz engem Staddeel vun Tréier,[1] war e lëtzebuergeschen Industriellen.

Philippe Servais
Gebuer 5. Februar 1810
Miersch
Gestuerwen 22. November 1890
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen
Famill
Geschwëster Emmanuel Servais, Joseph Servais

Hie war Schmelzhär vun der Weilerbacher Schmelz.

Mat sengem Brudder Bernard huet hien de 17. Mäerz 1858 d'Kommanditgesellschaft Forges des Frères Servais ("Hollerecher Schmelz" oder "Servais-Schmelz" genannt) zu Hollerech gegrënnt an do zwéin Héichiewe baue gelooss.[2]

1862 hunn déi zwéin d'Schmelz vu Colmer-Bierg gelount, an 1871 eng Konzessioun ugefrot fir eng Eise-Minière vun 165 ha um Territoire vun de Gemenge Nilvange, Algrange a Marspich z'exploitéieren.[2]

De Philippe Servais war den eelste Jong vum Antoine Servais a Brudder vum Staatsminister Emmanuel Servais.

Referenzen änneren

  1. "Les industries de la famille Servais" op industrie.lu.
  2. 2,0 2,1 "Hollerëcher Schmelz - Servais Schmelz" op industrie.lu.