D'Société Anonyme Paul WURTH, ofgekierzt Paul WURTH S.A., gouf den 28. Mee 1920 zu Lëtzebuerg als Société Anonyme Des Anciens Etablissements Paul Wurth gegrënnt[3], geet awer op d'Kesselfabréck zu Hollerech zeréck déi den Eugène Muller 1870 gebaut hat. 1891 goung de Betrib an d'Hänn vum jonken Ingenieur Paul Wurth iwwer.

Société Anonyme Paul WURTH
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 28. Mee 1920
Sëtz 32, rue d'Alsace
L-1122 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Leedung Georges Rassel
(Chief Executive Officer)
Mataarbechter 1700[1]
Ëmsaz 95.876.710,85 (2018)[2]
Branche Industrie
Produit Eisenindustrie, Héichuewen
Homepage paulwurth.com

D'Grupp Paul Wurth gehéiert haut mat ronn1.700 Mataarbechter a 27 Duechtergesellschaften zu de féierenden, weltwäit operéierenden Entreprisë beim Bau vun Héichiewen, Kokereien an ëmwelttechneschen Ekipementer fir den Eisen- a Stolsektor[4]. Am Joer 2011 gouf en Ëmsaz vu 491,1 Milliounen Euro an en Nettoresultat vun 18,2 Milliounen Euro erreecht[5]. Fir 2018 louch den Ëmsaz bei 95,88 Milliounen Euro, d'Nettoresultat bei 13 Milliounen Euro[2].

De 17. Dezember 2012 hunn ArcelorMittal (48,1 %) a Luxempart (11,0 %) hir Bedeelegungen un déi däitsch Anlagen- a Maschinnebau-Entreprise SMS Holding GmbH verkaaft[6]. De Rescht huet dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, zum Deel via d'SNCI an d'Spuerkeess.

Uganks 2021 huet de Staat SMS seng Bedeelegunge verkaaft, sou dës ewell 100% huet.[7],[8]

Innovatiounen änneren

1970/1971 huet den Édouard Legille vu Paul Wurth de "Giichtverschloss ouni Klack" fir Héichiewen erfonnt (spéider och "Paul-Wurth-Giichtverschloss")[9], dee sech wéinst senge ville Virdeeler par Rapport zum ale System (méi liicht Konstruktioun, méi prezis a gläichméisseg Koks- a Möllerverdeelung, méi dicht) duerchgesat huet an haut dacks bei modernen Héichuewenanlagen zum Asaz kënnt.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Donnéeën op Editus.lu, fir d'lescht gekuckt den 22. November 2019
  2. 2,0 2,1 Comptes annuels (eCDF) am "Balance Sheet 2018" ënnert der Nummer B4446 am Handelsregëster, gekuckt op lbr.lu den 22. November 2019
  3. Introduktiounstext vun der Statutenännerung vum 14. Mee 1996
  4. News vum 26/07/2012 op paulwurth.com Archivéiert op 2012-11-05. Gekuckt de(n) 2012-12-20.
  5. Paul Wurth Grupp: Resultat op Ziorsniveau, wort.lu vum 9. Mee 2012
  6. News vum 17/12/2012 op paulwurth.com Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2012-12-20.
  7. "De Staat verkeeft 40 Prozent vu sengen Undeeler u Paul Wurth un däitsche Grupp." rtl.lu, 18.02.2021.
  8. "De Lëtzebuerger Staat verkeeft seng Parten u Paul Wurth." 100komma7.lu, 18. Feb 2021.
  9. Roger Kneip: Aus der Geschicht vun der Stolindustrie - Iwwer 25 Joer Gichtverschloss ouni Klack