De Feudalismus oder d'Feudalitéit (lat.: feudum) war eng Organisatioun vun der Gesellschaft, déi sech an Europa vum 10. bis zum 15. Joerhonnert entwéckelt huet, nodeem d'Karolengerräich ausernee gefall war. Änlech Systemer loosse sech zwar och an Asien (China, Japan) an an Afrika fannen, mä d'Feudalitéit a sech ass awer eng Charakteristik vum Weste vun Europa.

De Roland schwiert virum Karel dem Groussen de Lehnseed.

De Feudalismus war e legale System deen op Kontrakter tëscht eenzele Persoune baséiert huet, a war eng Zort vu Confederatioun tëscht den eenzelen Hären, alleguer souverän op hirem eegenen Territoire, mä mat ënnerschiddlecher Muecht, déi géigesäiteg Rechter a Flichten haten.

Mam Kapitular vu Quierzy-sur-Oise aus dem Joer 877, deen d'Ierfschaft vun den Territoiren an den Titelen offiziell agefouert huet, gouf d'Feudalitéit an d'Liewe geruff.

Déi feudal Gesellschaft ass am Fréimëttelalter duerch eng Verschmëlzung vun der anticker Gesellschaft, déi sech opgeléist huet, mat de germanesche Gesellschaften entstanen. No der Vëlkerwanderung sinn um Gebitt vum fréiere westréimesche Räich germanesch Kinnekräicher entstanen. D'feudal Institutiounen hu sech eréischt no 800 am fränkesche Räich entwéckelt, wéi eng zum Deel fräi Bauereschaft duerch déi stänneg Kricher an Invasioune vun de Wikinger, Sarazenen, Magyaren etc. wirtschaftlech ruinéiert a sou an d'Ofhängegkeet vun de Feudalhäre gezwonge gouf.

D'Kärregioun vum europäesche Feudalismus war den Norde vum haitege Frankräich. Hei huet eng eenzegaarteg Lehnshierarchie existéiert mat villen Niveaue vun der Subinfeudatioun. A Südeuropa (Spuenien, Languedoc, Italien) waren d'Reschter vun der Antiquitéit méi staark. Dofir gouf et éischter Proprietäre wéi Lehnswiesen. Ausserdeem sinn d'Stied net sou drastesch verschwonne wéi an Nordeuropa, an hunn am Languedoc an an Italie schonn zanter dem 10. Joerhonnert nees en Opschwonk erlieft. An Nordeuropa (Sachsen, England, Skandinavien) mat méi staarken Iwwerreschter vun de germanesche Gesellschaften, huet et méi laang gedauert, bis et zum Etablissement vun der Leifeegeschaft komm ass. Am Sachsen an och an anere Gebidder vun Däitschland huet et bis zum 12. Joerhonnert gedauert; a Schweden konnt sech de feudale System ni wierklech duerchsetzen. An England ass déi autonom Volleksgeriichtsbarkeet ni komplett verschwonnen an aus hir huet sech d'Common Law entwéckelt.

Eng idealtypesch feudal Gesellschaft ka follgendermoosse beschriwwe ginn: D'Produktioun war staark vun der Naturalwirtschaft gezeechent. De gréissten Deel vun der Bevëlkerung ware Baueren. Si waren awer net d'Besëtzer vum Land op deem si geschafft hunn, dat huet dem Grondhär gehéiert. D'Bauere waren an engem Zoustand vun der Leifeegeschaft, si waren also perséinlech ofhängeg vun hirem Grondhär an onfräi.

  • Si waren un d'Land gebonnen op deem si geschafft hunn (glebae adscripti), an hate kee Recht dëst ze verloossen.
  • Si waren der Justiz vun hirem Här ënnerworf.
  • Si hunn hire Grondhär misse bezuelen, souwuel mat Aarbechtsleeschtungen op dem Land vum Grondhär (Frondéngscht) wéi och an Naturalien, déi si vum Land ofginn hunn, dat si bewirtschaft hunn. D'Frondéngschter an d'Naturalsteiere konnten am Verlaf vun der Entwécklung och duerch Suen ersat ginn.

De Besëtz vum Grondhär war och dacks nëmme bedingt, hien hat et als Léine vun engem méi héijen Adelegen zur Verfügung gestallt kritt, andeems hien him dofir Krichsdéngscht schëlleg war. Hie war also säi Vasall.

Dës Kette vu Léinen ass bis zum Kinnek eropgaangen, den Domaine royal war leschtenends all d'Land. An der mëttelalterlecher Virstellung war awer och de Kinnek e Vasall, hie war Gott ënnerstallt. Déi politesch Souveränitéit war no ënnen hi quasi parzelléiert. De Kinnek war a sou engem System nëmmen de Chef vu senge Vasallen, déi un hien duerch de Lehnseed gebonne waren, hien hat keen direkten Zougank zu senge Sujeten. Dës Parzelléierung vun der Souveränitéit war typesch fir déi ganz feudal Epoch. Heiraus huet sech eng bestëmmt Entwécklungsdynamik erginn:

  1. Aus der germanescher Zäit huet d'Allmend iwwerlieft. D'Zersplitterung vun der Souveränitéit huet verhënnert datt sech d'Feudalhären dëst Land huele konnten, an huet d'Stellung vun de Bauere gestäerkt.
  2. D'Parzelléierung vun der Souveränitéit huet eng autonom Existenz, an Entwécklung vun de Stied erméiglecht. D'Stadbierger hu sech mam Handwierk a mam Handel beschäftegt, a sech selwer autonom regéiert.
  3. D'Zersplitterung vun der Souveränitéit konnt zu anarcheschen Zoustänn féieren an domat de Bestand vum feudale Staat a Gefor bréngen. Dofir hu sech d'Kinneken ëmmer d'Méi gemaach, hir Rechter iwwer déi reng Feudalbezéiungen eraus ze vergréisseren, an direkt Bezéiungen zu hire Sujeten z'etabléieren, sou zum Beispill an der Form vum Recht vun der Steiererhiewung. Domat si si an e Géigesaz zum Adel geroden.
  4. D'Kierch, am Altertum e Bestanddeel vum Staatsapparat, gouf am Mëttelalter zu enger selbststänneger Institutioun, déi sech och feudaliséiert huet. Doraus si Spannungen tëscht weltlechen a reliéisen Herrschaften entstanen, déi d'feudal Legitimitéit a Fro stelle konnten. E bekanntent Beispill heifir ass den Investitursträit.

Literatur zum Theema änneren

  • F.-L. Ganshof, Qu'est-ce que la féodalité?; Paräis (Tallandier), 1982 (= 5. Oplo). - De Klassiker!
  • Guy Fourquin, Seigneurie et féodalité au Moyen Âge; Paräis (PUF; coll. 'L'historien'), 1977 (= 2. Oplo).
  • Jean-Pierre Poly & Éric Bournazel, La mutation féodale (Xe - XIIe siècles); Paräis (PUF; coll. 'Nouvelle Clio'), 1980.
  • Marc Bloch, Die Feudalgesellschaft; aus dem Franséischen iwwersat; Stuttgart, 1999.
  • Ludolf Kuchenbuch & Berndt Michael, Feudalismus. Materialien zur Theorie und zur Geschichte; Frankfurt (Ullstein), 1977.
  • Alain Guerreau, Fief, féodalité, féodalisme. Enjeux sociaux et réflexion historienne; in: Annales. Economies, sociétés, civilisations, Nr.45, 1990, Ss. 137-166.
  • Alain Guerreau, L'avenir d'un passé incertain; Paräis (Le Seuil), 2001.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Feudalism – Biller, Videoen oder Audiodateien