D'Nationalstrooss 27A oder N27A ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech um Territoire vun der Gemeng Ierpeldeng.

N 27A
Laf vun der Strooss
Land: Lëtzebuerg
Direktioun: Vun Ierpeldeng
op d'N7
Laf an Uschlëss
Ierpeldeng N 27
B 7
Fridhaff N 7

Si huet hiren Ufank op der N27 zu Ierpeldeng a féiert laanscht den Dall vun der Homichtbaach op d'Kopp op de Flouer Rued, wou se Uschloss un d'B7 huet.

Vun do geet se als Deel vun der E421 weider bis zum Rond-point beim Fridhaff wou se op d'N7 stéisst.

D'N27A ass ronn 3,2 km laang.

Um Spaweck änneren

Commons: Route nationale 27A (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien