D'Period vum Trias ass déi eelst Period aus dem Äerdmëttelalter. Si huet virun ongeféier 251 Millioune Joer ugefaangen a bis virun 200 Millioune Joer gedauert.

Si steet am Zäitalter nom Perm aus dem Äerdaltertum a virum Jura a gëtt an dräi Epochen agedeelt: den ieweschten, de mëttelsen an den ënneschten, déi hirersäits och erëm ënnerdeelt sinn.

Ieweschten Trias
  Rhaetian (virun ongeféier 200 - 199,6 Millioune Joer)
  Norian (virun ongeféier 216,5 - 205 Millioune Joer)
  Carnian (virun ongeféier 228 - 216,5 Millioune Joer)
Mëttelsen Trias
  Ladinian (virun ongeféier 237 - 228 Millioune Joer)
  Anisian (virun ongeféier 245 - 237 Millioune Joer)
Ënneschten Trias
  Olenekian (virun ongeféier 249,7 - 245 Millioune Joer)
  Induan (virun ongeféier 251 - 249,7 Millioune Joer)

Fauna a Flora änneren

D'Mieressaurier hunn ugefaange sech z'entwéckelen an d'Ozeaner z'erueweren.

Gingko an Nolebeem hu sech ausgebreet an d'Dinosaurier sinn opgetrueden. Déi zwou gréisst Dino-Gruppe waren d'Echsebeckendinosaurier an d'Vullebeckedinosaurier.

D'Fluchsaurier sinn entstanen. Déi konnten aus eegener Kraaft fléien. Aus den echsenähnleche Reptiller hu sech d'Virfahre vun de Mamendéieren entwéckelt.

Dat véiert grousst Massestierwen huet vill Aarten ausstierwe gelooss.

Wichteg Déieren a Planzen aus där Zäit änneren

Gestengs aus dem Trias zu Lëtzebuerg änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Triassic – Biller, Videoen oder Audiodateien