Manon Bertrand
lëtzebuergesch Sculptrice
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Manon Bertrand, gebuer de 24. Mee 1954 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sculptrice.
Manon Bertrand | |
---|---|
Gebuer | 24. Mee 1954 |
Aktivitéit | Sculpteur |
D'Manon Bertrand huet op der Académie royale des beaux-arts, Arts plastique et appliqués an op der École supérieure d'architecture et des arts visuels zu Bréissel studéiert.[1] A Mexiko huet si beim mexikanesche Sculpteur Francisco Zúñiga e Stage gemaach.[2]
D'Kënschtlerin wunnt zu Iwwersiren an huet hiren Atelier zu Mënsbech. Si as Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg.[3]
Wierker
änneren- Ambo (1979) an der Dekanatskierch zu Miersch[4]
- Skulptur (1987) am Jardín Jesús Reyes Heroles zu Mexiko
- Monument Arbre des Droits de l'Homme et de l'Indépendance Nationale (1988) zu Schuller
- Sprangbur (1990 - 1991) am Park bei der Gemeng zu Hesper
- Stèle du Souvenir (1992) zu Réiser
- Stèle (1997) an der Dekanatskierch zu Nidderwolz
- Sprangbur Les lavandières, ageweit 2005, zu Réimech
- Skulpturenensembel Bichelgréitchen, ageweit 2012, Schoulcampus "an der Dällt" zu Mënsbech[5]
Perséinlech Ausstellungen
änneren- 1993: Correspondances an der Galerie Municipale d'Esch/Alzette zu Esch-Uelzecht
- 1995: Art Gallery an der Stad Lëtzebuerg
- 1996: Galerie de la Ville d'Esch/Alzette zu Esch-Uelzecht
- 1998: Interférences an der Galerie Municipale d'Esch/Alzette zu Esch-Uelzecht
- 2001: Galerie Fred Becker an der Stad Lëtzebuerg
- 2003: Galerie Espace Paragon an der Stad Lëtzebuerg
- 2004: Galerie "Am Tunnel" vun der Spuerkeess an der Stad Lëtzebuerg / Galerie et Centre de Création "B/C2" zu Beetebuerg
- 2006: Bank Crédit Suisse an der Stad Lëtzebuerg
Kuckt och
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxembourg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 26.
- ↑ "Bertrand Manon", MediArt, Agence de Promotion Culturelle.
- ↑ D'Manon Bertrand op der Websäit vum Cercle Artistique de Luxembourg (fr)
- ↑ "Merscher Dekanatskirche feiert Auferstehung", Luxemburger Wort, 12. Abrëll 1979; "Dekanatskirche Mersch", Luxemburger Wort, 14. Abrëll 1979.
- ↑ "„Bichelgréitchen“ - Skulptur von Manon Bertrand eingeweiht", Luxemburger Wort, 18. Juli 2012.