Den Alphonse Theis, gebuer den 23. September 1930[1] zu Déifferdeng[2] a gestuerwen de 17. November 1999[3] zu Alzeng[2], war e lëtzebuergesche Politiker (CSV).

Alphonse Theis
Gebuer 23. September 1930
Déifferdeng
Gestuerwen 17. November 1999
Alzeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Bei de Chamberwale vum 17. Juni 1984 ass hien an d'Chamber 'nogerëtscht' a gouf bei deene vun 1989 erëmgewielt an hie war bis zu sengem Doud Deputéierten an der Chamber.[2]

1970 gouf hien an de Gemengerot vun Hesper gewielt an hie war vun 1976 bis zu sengem Doud Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper[2]. Him zu Éiere gouf de Stadion vun der Foussballequipp Swift Hesper Stade Alphonse Theis genannt.

Vun 1994 bis zu sengem Doud, war den Alphonse Theis Membre suppléant am Europarot.

Referenzen änneren

  1. De Gebuertsdag vum Alphonse theis an der lëscht vun de lëtzebuergesche Membere vum Conseil de l'europe
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Luxemburger Lexikon 1. Oplag, Éditions Guy Binsfeld, S. 420
  3. Den Dag op deem den Alphonse Theis gestuerwen ass op der Websäit vun eurocup.lu Archivéiert op 2010-06-14. Gekuckt de(n) 2013-11-05.