Montana
Montana | |||||
| |||||
Spëtznumm: Big Sky Country The Treasure State | |||||
![]() Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Helena | ||||
Gréisst Stad: | Billings | ||||
Gouverneur: | Greg Gianforte | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 4. Plaz 380.800 km² 1 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 44. Plaz 1.084.225 (2020)[1] 2,86/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 8. November 1889 (41ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-7/-6 |
Geographie a Bevëlkerung änneren
Montana deelt sech eng 877 km laang Grenz mat dräi kanadesche Provënzen: British Columbia, Alberta, a Saskatchewan. Donieft grenzt et am Osten un North Dakota a South Dakota, am Süden u Wyoming an am Westen a Südwesten un Idaho.
Obwuel Montana de véiertgréisste vu 50 US-Bundestaaten ass huet en nëmmen eng ganz kleng Bevëlkerung. Nëmmen zwéin aner Staate si manner besidelt. 2015 gouf geschat, datt e bësse méi wéi eng Millioun Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 89,2 % als wäiss Amerikaner, 6,6 % als Indianer, 3,6 % als Hispanic/Latino, 0,8 % als asiatesch an 0,6 % als Afroamerikaner identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Ekonomie änneren
D'Ekonomie vu Montana baséiert op der Landwirtschaft. Aner wichteg Secteure sinn d'Fërdere vu fossille Ressourcen (Pëtroll, Gas, Kuelen...) an Tourismus.
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 46.766 US-Dollar pro Stot a 25.977 USD op de Kapp[1].
Biller änneren
-
Saint Mary Lake
-
Bisonen an der National Bison Range
-
Collage mat Gebaier vun der gréisster Stad, Billings
-
E Skigebitt
-
De State Capitol an der Haaptstad Helena
Um Spaweck änneren
Commons: Montana – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Montana