Richard Cromwell

Lord Protector vun England, Schottland an Irland
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lord Protector Richard Cromwell. Fir de Schauspiller, kuckt wgl. Richard Cromwell (Schauspiller).

De Richard Cromwell, gebuer de 4. Oktober 1626 zu Huntingdon a gestuerwen den 12. Juli 1712 zu Cheshunt, war de Jong vum Oliver Cromwell a vum 3. September 1658 bis de 25. Mee 1659 Lord Protector vun England, Schottland an Irland.

Richard Cromwell
Titelen
Virgänger Oliver Cromwell (als Lord Protector)
Nofollger Charles II. vun England
Biographie
Gebuer 4. Oktober 1626
Gestuerwen 12. Juli 1712
Papp Oliver Cromwell
Geschwëster Frances Cromwell, Elizabeth Claypole

De Richard Cromwell huet sech 1649 mat der Dorothy Maijor (geb. ca. 1620) bestuet; si haten 9 Kanner, vun deenen der 4 et bis an den Erwuessenanalter gepackt hunn.

Wéi säi Papp 1659 gestuerwen ass, gouf den Oliver Cromwell, well och seng zwéi méi al Bridder schonn dout waren, zum neie Lord Protector proklaméiert. Hien hat allerdéngs weeder de Wëllen, nach d'Experienz fir sech an dëser Positioun ze halen. Wéi d'Parlament e 1659 opgefuerdert huet, säin Amt néierzeleeën, huet hien dat direkt gemaach a goung am Juli 1660 fräiwëlleg a Frankräich an den Exil.

Dat huet mat sech bruecht, datt kuerz dono de Kinnek Charles II. zeréckkoum.

Anescht wéi bei sengem Papp gouf him d'Hiriichtung vum Kinnek Charles I. net virgeworf.

1675 ass seng Fra Dorothy gestuerwen, ouni datt déi zwee sech nach eng Kéier ze gesi kritt hätten. 1680 ass hien zeréck an England gaangen, wou en zeréckgezunn bis zu sengem Doud gelieft huet.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Richard Cromwell – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Oliver Cromwell
Lord Protector
1658-1659
Nofollger:
Council of State