Coma Berenices (Stärebild)

D'Coma Berenices (Hoer vun der Berenike) ass e Stärebild an der Ëmgéigend vum Himmelsequator.

Date vun der Coma Berenices
Lëtzebuergeschen Numm Hoer vun der Berenike
Laténgeschen Numm Coma Berenices
Laténgesche Geenitiv Comae Berenices
Laténgesch Ofkierzung Com
Positioun Himmelsequator
Rektaszensioun 11h 55m bis 13h 35m
Deklinatioun +14° bis +34°
Fläch 386 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 56° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
Diadem (α Com)
4,3m
Meteorstréim Coma-Bereniciden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Canes Venatici
Ursa Major
Leo
Virgo
Bootes
Kaart vum Stärebild Coma Berenices

Beschreiwung änneren

D'Coma Berenices ass en onopfällegt Stärebild um Fréijoershimmel tëscht de markante Konstellatioune Leo a Bootes. Et erschéngt wéi eng Usammlung vu liichtschwaache Stären. Nëmmen zwéi Stären hunn eng visuell Magnitude déi knapps iwwer 4 mag. leien.

Vill vun de Stäre gehéieren zum Coma-Stärekoup. De Melotte 111 läit 260 Liichtjoer wäit ewech an ass en Oppene Stärekoup.

A Richtung Hoer vun der Berenike läit de galakteschen Nordpol vun eiser Mëllechstrooss. Well an dëser Bléckrichtung sou gutt wéi keng Gas- a Stëbswolleke vun der Mëllechstrooss d'Siicht behënneren, kënne vill wäit Galaxië gesi ginn. De sougenannte Coma-Galaxiëkoup ass e risege Galaxiëkoup op enger Distanz vu 450 Millioune Liichtjoer. Seng ronn 1.000 Galaxien erreechen um Stärenhimmel eng Gréisst vun iwwer 6 Grad.

Am südlechen Deel sinn e puer hell Eenzelgalaxien op enger Distanz vun 20 bis 40 Millioune Liichtjoer, souwéi Membere vum grousse Virgo-Galaxiëkoup dee 65 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass.

Geschicht änneren

An der anticker griichescher Mythologie war d'Coma Berenices keen eegent Stärebild. Déi Stäre goufe fréier dem Stärebild Léiw zougerechent. Am Joer 245 v. Chr. soll den Astronom Konon vu Samos d'Stärebild no der deemoleger Pharaonin Berenike II. genannt hunn.

D'Hoer vun der Berenike gëtt et a villen astronomesche Kommentare vun der Antiquitéit. An der Neizäit gouf et fir d'éischt am Joer 1536 vum Peter Apian op enger Stärekaart notéiert, an 1541 zeechent de Gerhard Mercator et op sengem bekannten Himmelsglobus of.

Meteorstroum änneren

Am Stärebild läit de Radiant vun engem schwaache Meteorstroum, déi sougenannt Coma-Bereniciden. D'Meteore kënne vu Mëtt Dezember bis Mëtt Januar observéiert ginn.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β 43 4,26m 27 G0 V
α 42 Diadem 4,3m 60 F5 V
γ 15 4,36m 250 K1 III
11 4,74m
36 4,78m
σ 24 4,78m 250 K2 + A9
41 4,80m
12 4,81m
23 4,81m
37 4,90m
31 4,94m
14 4,95m
16 5,00m
6 5,10m
27 5,12m
13 5,18m
17 5,29m 250 A0 + A1
21 5,46m
26 5,46m

Den hellste Stär ass de β Comae Berenices. Et handelt sech ëm e Stär, deen nëmme 27 Liichtjoer vun eis ewech ass. Hien huet eng Gréisst an och eng Liichtkraaft wéi eis Sonn.

De γ Comae Berenices läit 250 Liichtjoer ewech am Coma-Stärekoup.

Duebelstären änneren

System Gréissten Ofstand
α 5,1m/5,1m 0,1"
2 5,9m/7,4m 3,7"
17 5,3m/6,6m 145"
24 5,0m/6,6m 20,3"
32 6,3m/6,9m 196"
35 5,1m/7,2m 1,1"

Den zweethellste Stär α Comae Berenices, och den Diadem genannt, ass en Duebelstär op enger Distanz vu 60 Liichtjoer. Déi zwéi Stäre si gläichhell.

Am System 24 Coma Berenices sinn zwéi Stären, woubäi den Haaptstär e Roude Ris ass, an den aneren e blo-wäisse Begleeder ass.

Verännerlech Stären änneren

Objet Gréisst Period Typ
FS 5,3m bis 6,1m 58 Deeg hallefreegelméisseg Verännerlechen
R 7,1m bis 14,6m 363 Deeg Mira
FK 8,14m bis 8,33m 2,4 Deeg FK-Coma-Stär

Am „Hoer vun der Berenike“ gëtt et méi wéi 200 verännerlech Stären.

Den FS Coma Berenices verännert seng Hellegkeet iwwer en Zäitraum vu ronn 58 Deeg.

Den R Coma Berenices ass e verännerleche vum Typ Mira. Hie verännert seng Hellegkeet ganz staark iwwer en Zäitraum vun 363 Deeg.

Den FK gëtt säin Numm hir fir eng Grupp vu Verännerlechen, d'FK-Coma-Stären. Et handelt sech ëm Stären, deenen hir Hellegkeetsschwankunge vun ausgedeenten donkele Flecken op der Uewerfläch verursaacht ginn.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm Distanz (Lj)
Melotte 111 4m Kugelstärekoup Coma-Stärekoup 260
53 5024 8m Kugelstärekoup 60.000
64 4826 8m Galaxis Black-Eye-Galaxy 22 Mio.
85 4382 9m Galaxis 65 Mio.
88 4501 9m Galaxis 65 Mio.
91 4548 10m Galaxis 65 Mio.
98 4192 10 Galaxis 65 Mio.
99 4254 10 Galaxis 65 Mio.
100 4321 9,5 Galaxis 65 Mio.
4147 10 Kugelstärekoup
4494 10 Galaxis 40 Mio.
4559 10 Galaxis 40 Mio.
4565 10 Galaxis Needle-Galaxy
4676A 13,5 Irregulär Galaxis 300 Mio.
4676B 13,8 Irregulär Galaxis 300 Mio.
4725 9,5 Galaxis 60 Mio.
5053 10 Kugelstärekoup

Am Comas Berenices leien e puer Galaxien a Kugelstärekéip. Aacht dovun huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten opgeholl.

Objeten an der Mëllechstrooss änneren

Melotte 111, de Coma-Stärekoup ass eng labber Associatioun vu ronn 40 Stären op enger Distanz vun 260 Liichtjoer. Et ass nom Bierestroum an den Hyaden den drëttnächsten oppene Stärekoup. De Stärekoup beweegt sech all Joer ëm 0,02 Bousekonnen no Südwest a Richtung vum Stärebild Vela (Schëffsegel).

Den M 53 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vu 60.000 Liichtjoer. Hie gouf onofhängeg 1775 vum Johann Elert Bode an 1777 vum Charles Messier entdeckt.

De Kugelstärekoup NGC 4147 ass 85.000 Liichtjoer vun eis ewech.

No Galaxien änneren

Den M 64 ass eng Spiralgalaxis op enger Distanz vun 22 Millioune Liichtjoer. Well den Ubléck un en A erënnert, gëtt si am Engleschen och „Black-Eye-Galaxy“ genannt. Aktuell Studie weisen, datt d'interstellar Matière an den Aussenberäicher géint d'Dréirichtung vum Banneberäich rotéiert. Dat weist dorophin, datt d'Galaxis viru maximal enger Milliard Jore mat op d'mannst enger anerer Galaxis kollidéiert war.

Den NGC 4494 ass eng elliptesch Galaxis op enger Distanz vu 40 Millioune Liichtjoer.

Den NGC 4565 ass eng sougenannt Edge-On-Galaxis, dat heescht, mer gesi se vun der Säit. Si huet en Duerchmiesser vun 13 Bouminutten. Wéinst hirer längelzeger Form gëtt si och als als „Needle-Galaxy“ (Nole-Galaxis) bezeechent.

Den NGC 4725 ass eng Balkespiralgalaxis.

Galaxien am Virgo-Galaxiëkoup änneren

De Messier 85 ass eng lënsefërmeg Galaxis an ee vun den nërdlechste Membere vum Virgo-Galaxiëkoup.

De Messier 88 ass eng Spiralgalaxis, déi zu der Markarjan-Kette gehéiert.

De Messier 98 ass eng relativ hell a grouss Spiralgalaxis.

Och de Messier 100 ass eng Spiralgalaxis. Mat 7 Bouminutten ass si déi gréisst vun alle Galaxien am Virgo-Koup. Hiren Duerchmiesser ass ronn 120.000 Liichtjoer.

Galaxien am Coma-Galaxiëkoup änneren

Am nordëstlechen Deel vum Stärebild ass de Coma-Galaxiëkoup. Wéinst der riseger Distanz, déi dës Galaxien hunn (450 Millioune Liichtjoer) erreeche si nëmmen Hellegkeete vu 14 mag.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Coma Berenices – Biller, Videoen oder Audiodateien