D'Hyaden oder Taurus-Stroum, ass en oppene Stärekoup am Stärebild Taurus, dee mat bloussem A ze gesinn ass. De Koup ass V-fërmeg nieft dem hellste Stär, dem Haaptstär vum Stéier (Tauris), dem Aldebaran, ze fannen. Den Aldebaran selwer gehéiert awer net zu den Hyaden. Am Messier- an am NGC-Katalog gëtt de Stärekoup net gefouert, am Melotte-Katalog ass hien als Mel 25 agedroen.

De Stärekoup Hyaden
Stärekaart vun den Hyaden

Detailer änneren

De Stärekoup ass bei eis vu September bis Abrëll um nërdleche Stärenhimmel ze gesinn. De Kär vun den Hyaden huet en Duerchmiesser vu ronn 4 parsec, aner Membere vum Koup si bis zu engem Emkrees vu 24 pc ze fannen. Den Alter vun den Hyade gëtt op zirka 600 Millioune Joer gerechent, also eppes méi al wéi d'Plejaden. Déi total Hellegkeet entsprécht enger Hellegkeet vun ongeféier 1mag. D'Hyade maachen zesumme mat de Plejaden dat sougenannt Gëlle Portal vun der Ekliptik.

Wéinst hirer eenheetlecher Beweegung am Raum gëtt d'Hyade-Grupp och zu de Beweegungsstärekéip gezielt. De Koup zeechent sech duerch déi eenheetlech Plazverännerung vun alle Stären op engem virtuelle Konvergenzpunkt aus, an ëmfaasst ongeféier 350 Stären déi sech eenheetlech mat zirka 43 km/s an dës Richtung beweegen. Dëse Punkt, och als "Vertex" bezeechent, läit ëstlech vum Betelgeuze am Stärebild Orion. Eegebeweegung, Alter an Zesummesetzung vun den Hyade gläichen deene vum Praesepe-Stärekoup, wat op e kollektiven Urspronk vu béide Kéip hiweist, obwuel si haut Honnerte vu Liichtjoer ausernee sinn[1].

Well se net wäit vun eisem Sonnesystem ewechleien, spillen d'Hyaden an der moderner Astrophysik eng wichteg Roll. Unhand vu klasseschen trigonometresche Methoden (Parallax a Stärestroum-Parallax) kann d'Distanz, an domat déi absolut Hellegkeet vun den Eenzelstäre vum Koup genee bestëmmt ginn.

Mythologeschen Hannergrond änneren

An der griichescher Mythologie waren d'Hyaden Duechtere vum Atlas an der Aithra. Hiren eenzege Brudder, Hyas, koum op der Juegd ëm. Hir Trauer an hir Tréinen hunn d'Gëtter beréiert, a sou goufe si als Hyaden ënner d'Stäre gesat. Och de Vergil schwätzt vu "fiichten Hyaden", an déi al griichesch Bezeechnung "Reenstäre" verréit d'Bedeitung: D'Tréine fléissen ongehemmt weider, a stierzen als Reen op d'Äerd.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Hyaden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. [1]