De Messier 88 (och als NGC 4501 bezeechent) ass eng +9,6 mag hell Spiralgalaxie mat enger Flächegréisst vu 6,9' × 3,7' am Stärebild Coma Berenices. An der Hubble-Sequenz gëtt des Galaxie dem Typ Sbc zougeschriwwen. Si gouf den 18. Mäerz 1781 vum Charles Messier zesumme mat siwen anere Galaxië vum Virgo-Galaxiëkoup entdeckt. De galaktesche Plang vum M88 steet ëm ronn 30 Grad schréi zur Siichtlinn, wouduerch en e gewësse Gläich mat dem Andromedaniwwel huet, deen och vum Typ Sb ass.

Date vum Messier 88
Foto vum M88 opgeholl mat engem 60cm-Teleskop
Stärebild Coma Berenices (Com)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 12h 30m 49,4s
Deklinatioun + 12° 23' 28.0"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SA(rs)b;HII Sy2
Visuell Magnitude +9,4 m
Wénkelduerchmiesser
Flächenhellegkeet 12,8
Physikalesch Daten
Gehéiert zum Virgo-Galaxiëkoup
Distanz 47 Mio. Lj
Routverrécklung 7609+10x10-6
Radialvitess (+2281 ± 3) km/s
Geschicht
Entdecker Charles Messier
Entdeckungsdag 18. Mäerz 1781
Katalogbezeechnungen
Messier 88, NGC  4501, UGC  7675, PGC  41517, MCG  +3-32-59, ZwG  267.48, ZwG  99,76, GC  3049, VCC; 1401

Wéi vill Spiralgalaxien am Virgokoup, huet den M88 eng héich Pekuliarvitess, d. h. hie beweegt sech mat grousser Vitess relativ zum Schwéierpunkt vum Koup. D'Routverrécklung liwwert eng Radialvitess vu ronn 2.000 km/s, soudatt d'Galaxie sech mat ronn 700 km/s vum Koupzentrum ewechbeweegt.

Den 28. Mee 1999 ass d'Supernova 1999cl vum Typ Ia am M88 opgedaucht. Bei hirer Entdeckung den Dag duerno hat d'Supernova eng Visuell Magnitude vu 16,4 mag an erreecht hire Maximum den 12. Juni mat enger Hellegkeet vun 13,4 mag. Well Typ I Supernovaen zu de beschte Standardkäerze vun der Kosmologie gehéieren, war dee Phenomeen vu groussem Interessi fir d'Distanzbestëmmung vum Virgokoup.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Messier 88 – Biller, Videoen oder Audiodateien