Mat Radiant bezeechent een de Punkt um Nuetshimmel, vun deem aus Meteorschaueren hire visuellen Ufank hunn.

Schemazeechnung vun enger Meteorschauer mat O als Radiant.

D'Zeechnung riets weist schematesch d'Verdeelung vu Meteorspueren um Nuetshimmel. Verfollegt een d'Liichtspueren zeréck, da schneide si sech am Punkt O, dem Radiant. Well sech de Schnëttpunkt vun Äerdbunn an dem Meteorstroum am Sonnesystem nëmme wéineg verréckelen, läit och de Radiant fest. D'Stärebild, wou hien dran ass, déngt als Bezeechnung fir de Meteorstroum. Beispillsweis läit de Radiant fir d'Perseiden am Stärebild Perseus.

D'Meteoren an de Meteorstréim fléie parallel zueneen, wa si mat der Äerdatmosphär zesummen treffen. D'Netzhaut vum A ass winzeg géintiwwer dem Himmel, wouduerch si d'Liicht-Erscheinungen an enger Zentralprojektioun gesäit. Déi parallel Fluchbunne ginn als stierzend Linne gesinn, geneesou, wéi fir d'A och parallel Sonnestrale schéngen d'Sonn radial z'ëmginn.

Wann den Ofstand vum Radiant zouhëlt, hëlt déi mëttelst Längt vun de Liichtspueren och zou. Well dëst sinn d'Bunnen, déi den Observateur vun der Säit gesäit, wärend sech d'Bunnen no beim Radiant direkt op hien zou beweegen.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie