Centaurus (Stärebild)

Stärebild

Den Zentaurus, laténgesch Centaurus ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Centaurus
Lëtzebuergeschen Numm Zentaurus
Laténgeschen Numm Centaurus
Laténgesche Geenitiv Centauri
Laténgesch Ofkierzung Cen
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 11h 05m bis 15h 03m
Deklinatioun -30°00' bis -65°45'
Fläch 1060 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 25° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
deelweis ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
7
Hellste Stär,
Gréisst
Alpha Centauri
(Toliman),
-0,01m
Meteorstréim Alpha-Centauriden  
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Hydra
Vela
Carina
Musca
Crux
Circinus
Lupus
Libra
Kaart vum Stärebildes Centaurus

Beschreiwung

änneren

Den Zentaurus ass e grousst Stärebild, dat sech südlech vun der Hydra (Waasserschlang) ausstreckt. D'Dräieck vun de Stäre θ, ι an ν Centauri formen de Kapp, déi südlech Stären, drënner déi hell Stären α an β Centauri, sollen d'Féiss vum Zentaurus, engem Mëschwiesen – hallef Mënsch, hallef Päerd – duerstellen.

Am Zentaurus steet dat bekannt Dräifachsystem Alpha Centauri (Rigil Kentaurus) mat dem sonnennooste Stär Proxima Centauri.

Duerch de südlechen Deel zitt och nach d'Band vun der Mëllechstrooss. Dës Regioun ass besonnesch räich un Stären an un niwweleg Objeten. Omega Centauri ass deen hellste Kugelstärekoup um Nuetshimmel.

Nëmmen déi nërdlechst Stäre vum Zentaurus kann een aus eise Breetegrade gesinn.

Geschicht

änneren

Den Zentaurus gehéiert zu den 48 Stärebiller déi schonn an der Antiquitéit bekannt waren. De Ptolemäus huet dëst Stärebild fréier beschriwwen.

Am Zentaurus ass eng kosmesch Radioquell, déi als Centaurus A bezeechent gëtt.

Mythologie

änneren

An der griichescher Mythologie gozfen d'Zentauren als barbaresch a gewalttäteg duergestallt. Eng Ausnam war den Zentaur Cheiron, de Jong vum Titan Kronos. De Cheiron, deen als geléiert gegollt huet, hat e puer antik Helde groussgezunn, dorënner de Jason, den Achilleus an den Asklepios, deen hien d'Heelkonscht geléiert huet.

Himmelsobjeten

änneren

Stären

änneren
B F Namen o. andere Bezeichnungen Gréisst Lj Spektralklass
α Alpha Centauri, Rigil Kentaurus, Toliman, Bungula -0,01m 4,34 G2 V + K1 V
β Hadar, Agena 0,61m 525 B1 III
θ 5 Menkent 2,06m 55 K0 III
γ Muhlifain 2,20m 130 A0 + A0
ε 2,29m 600 B1 III
η 2,33m 300 BI V
ζ Alnair, Alnair al Batn al Kentaurus 2,55m 400 B2 V
δ 2,58m 500 B2 + B5
ι 2,75m 50 A2 V
λ 3,11m 200 B9 III
κ 3,13m 500 B2 IV
ν 3,41m 600 B2 IV
μ 2,9 bis 3,5m 300 B3 V
φ 3,83m 800 B2 IV
τ 3,85m 100 A2 V
υ1 3,87m 600 B3 IV
π 3,90m 300 B5 V
d 3,90m 400 G8 II
σ 3,91m 400 B3 V
b 4,01m 500 B3 V
ψ 4,05m
c1 4,06m
2 4,19m
i 4,23m
n 4,25m
ξ2 4,27m
j 4,30m 600 B3 + B3
v 4,30m
k 4,32m
e 4,33m
υ2 4,34m
χ 4,36m
a 4,41m
B 4,47m
m 4,52m
A 4,62m
1 4,63m
M 4,64m
w 4,66m
f 4,71m
h 4,75m
ξ1 4,83m
p 4,90m
c2 4,92m
Q 4,99m

Den hellste Stär am Zentaurus ass den Alpha Centauri. Den arabeschen Numm Rigil Kentaurus bedeit „Fouss vum Zentaurus“. Mat engem Ofstand vu 4,34 Liichtjoer ass et ee vun den nooste Stäre vun eiser Sonn. Et handelt sech ëm e Méifachstäresystem, bei deem sech dräi Stären ëm een eenzege Schwéierpunkt beweegen.

Déi hellst Komponent α Centauri A huet ongeféier d'Gréisst an Ausgesi vun eiser Sonn. Den α Centauri B ass mat 1,33m ass méi liichtschwaach a liicht orange und orange. Déi béid Stären ëmkreese sech a ronn 80 Joer. Déi drëtt Komponent, α Centauri C oder Proxima Centauri ass e liichtschwaache rouden Zwergstär mat enger visueller Hellegkeet vun 11,05m. Mat enger Distanz vu 4,22 Liichtjoer ass hien den nooste Noper vun eiser Sonn.

Den zweethellste Stär β Centauri (Hadar, arabesch „de Buedem“) ass mat enger Distanz vu ronn 525 Liichtjoer vill méi wäit vun eiser Sonn ewech. Hie liicht blo a gehéiert zu der Spektralklass B1.

Objet Gréissten Ofstand
α 0,0m/5,0m/11,0m 10,5"/2,2°
γ 2,9m/2,9m 0,7"
δ 2,6m/4,5m 269"
J 4,5m/6,2m 60"
ο 5,0m/5,2m 265"
Q 5,3m/6,7m 5,3"

Den γ Centauri ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 130 Liichtjoer. Hie besteet aus zwéi gläich helle Stären, déi wäiss liichten.

Den δ Centauri läit ronn 500 Liichtjoer vun eis ewech. De System besteet aus engem Haaptstär deen hellblo liicht an zu der Spektralklass B2 gehéiert. Säi Begleeder ass och blo a gehéiert zu der Klass B5.

Den ο Cen ass 8.000 Liichtjoer vun eis ewech. De System huet zwéin extreem liichtstaark Stären. Deen een ass giel a gehéiert zu der Spektralklass G2 un, deen anere liicht wäiss a gehéiert zu der Klasse A2. Den Haaptstär ass e verännerleche Stär.

Verännerlech Stären

änneren
Stär Gréisst Period Typ
η 2,9m bis 3,5m onreegelméisseg onreegelméisseg Verännerlechen
ο 4,9m bis 5,4m ongeféier 200 Deeg hallefreegelméisseg Verännerlechen
R 5,3m bis 11,8m 546 Deeg Mira-Stär

Den η Centauri, deen op enger Distanz vun 300 Liichtjoer läit, ass en onreegelméisseg verännerleche Stär mat enger Hellegkeet tëscht 2,9 an 3,5m.

Den Haaptstär vum System, den ο Centauri, ass en hallefreegelméissege verännerleche Stär. Seng Hellegkeet variéiert an engem Rhythmus vu ronn 200 Deeg tëscht 4,9 an 5,4 m.

Den R Centauri ass ee verännerleche Stär vum Typ Mira, deen iwwer en Zäitraum vu 546 Deeg seng Hellegkeet ännert. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vu 5,3m. Am Minimum geet seng Hellegkeet bis op 11,8m erof.

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
3766 5,3m Oppene Stärekoup
3918 8m Planetareschen Niwwel
4755 8m Galaxie Jewelbox
4945 8,5m Galaxie
5128 6,8 m Galaxie Centaurus A
5139 3,7m Kugelstärekoup Omega Centauri
5460 3,7m Oppene Stärekoup

Déi stäreräich Regioun vum südlechen Zentaurus huet eng Rei interessant Observatiounsobjeten. Well de franséischen Astronom Charles Messier den Zentaurus vu sengem Observatiounsstandpunkt aus net konnt gesinn, ass am Zentaurus kee „Messierobjet“.

Den Oppene Stärekoup NGC 3766 ass ronn 5.000 Liichtjoer vun eis ewech.

De planetareschen Niwwel NGC 7662 gouf am Joer 1834 vum John Herschel entdeckt. Et handelt sech ëm d'Reschter vun engem Stär, deen 3.500 Liichtjoer vun eis ewech läit.

6.000 Liichtjoer ewech läit den oppene Stärekoup NGC 4755. Et ass ee ganzt schéint Objet, dat och „Jewelbox“ genannt gëtt.

Déi irregulär Galaxie NGC 5128 ass 20 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. An der Galaxie ass eng kosmesch Radioquell, déi Centaurus A genannt gëtt.

1.500 Liichtjoer wäit ewech läit den NGC 5139, oder Omega Centauri genannt. Et ass e Kugelstärekoup.

Den oppene Stärekoup NGC 5460 ass 2.500 Liichtjoer vun eis ewech. An engem mëttleren Teleskop sinn 40 Stäre ze gesinn.

Neutronestären

änneren

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Centaurus – Biller, Videoen oder Audiodateien