Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Gëttergeschlecht vun den Titanen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Titan.

D'Titane sinn e Gëttergeschlecht aus der griichescher Mythologie. Et sinn déi 12 Kanner vun den Urgëtter Uranos a Gaia. Den Hesiod ernimmt:

Head of a Titan, National Archaeological Museum of Athens

Nieft dësen "echten" Titane ginn awer och nach eenzeler vun hiren Nokommen als Titane bezeechent, z. B. den Atlas de Prometheus an de Leto.

Véier vun den Titanen hu sech mat hirer eegener Schwëster bestuet: den Okeanos mat der Thetys, de Kronos mar der Rhea, den Hyperion mat der Theia, de Koios mat der Phoibe. D'Themis an d'Mnemosyne sinn d'Fra vum Zeus ginn. Déi aner 2 Titanen hu keng Titanin zur Fra geholl: dem Krios seng Fra war d'Eurybie, eng Duechter vun der Gaia an dem Pontos; dem Iapetos seng d'Klymene, eng Okeanid.

Ënner der Féierung vum Jéngsten, dem Kronos, hu se hire Papp Uranos entmuecht an den Tartaros gestierzt.

Titanomachie änneren

D'Titanomachie war de Kampf tëscht den Titanen an den olympesche Gëtter ënner der Féierung vum Zeus, op deem senger Säit och de Prometheus, d'Hekatoncheires an d'Kyklope stoungen. D'Kämpf waren an Thessalien, wou déi al Gëtter d'Stellung um Bierg Othrys gehalen hunn, wärend sech den Zeus a seng Gesëschter op dem Olymp verschanzt hunn. No engem zéngjärege Kampf hunn déi géigneresch Titane sech misse geschloe ginn a si vum Zeus an den Tartaros verbannt ginn an/oder kruten aner Strofen operluecht, sou huet den Atlas den Himmel misse mat senge Schëllere stäipen. Déi Titanen, déi net an de Kampf agegraff hunn, hunn hir Muecht konnte behalen a sinn och net verbannt ginn. Sou ass d'Mnemosyne z. B. duerch den Zeus d'Mamm vun de Muse ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Titans – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.