John Herschel
De Sir John Frederick William Herschel gebuer de 7. Mäerz 1792 zu Slough bei Windsor a gestuerwen den 11. Mee 1871 zu Hawkhurst, Kent, war e britteschen Astronom.
John Herschel | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | John Frederick William Herschel |
Gebuer |
7. Mäerz 1792 Windsor |
Gestuerwen |
11. Mee 1871 Kent |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich (1801-1927) |
Educatioun | St John's College |
Aktivitéit | Astronom, Fotograf, Schrëftsteller, Mathematiker, Chimist, Physiker |
Member vun | Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Royal Astronomical Society, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, American Philosophical Society, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen |
Famill | |
Papp | Wilhelm Herschel |
LiewenÄnneren
Den John Herschel war de Jong vum Wilhelm Herschel a gouf Jurist. Spéider huet hie sech, wéi säi Papp och, sech mat Astronomie beschäftegt an huet deem säin Observatoire iwwerholl.
Hien huet entdeckt, datt d'Magellanesch Wolleken aus Stäre bestinn. Hien huet och verschidde Stärekatalogen erausginn an huet de Julianeschen Datum an d'Astronomie agefouert. Am Joer 1831 gouf hie geadelt, 1848 President vun der Royal Astronomical Society an 1850 kinnekleche Mënzmeeschter.
Seng Villsäitegkeet huet hie bei neie fotografesche Procedéë bewisen. Hien huet d'Cyanotypie verbessert. Am Joer 1842 huet hien de fotografesche Prozess fir d'Beliichte vu Pabeierbiller op der Basis vu colloidalem Gold entdeckt, dat hie Chrysotypie genannt huet.
Den Herschel gouf no engem Staatsakt an der Westminster Abbey begruewen.
E Moundkrater J. Herschel-Moundkrater ass no him genannt.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: John Herschel – Biller, Videoen oder Audiodateien |