Circinus (Stärebild)
Den Zierkel, laténgesch Circinus ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.
Date vum Stärebild Circinus | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Zierkel |
Laténgeschen Numm | Circinus |
Laténgesche Genitiv | Circini |
Laténgesch Ofkierzung | Cir |
Positioun | südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 13h 38m bis 15h 30m |
Deklinatioun | -55° 25' bis -70° 37' |
Fläch | 93 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | tëscht 20° an −90° |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
Stäre mat Gréisst < 3m |
keen |
Hellste Stär, Gréisst |
α Cir 3,19m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Lupus Centaurus Musca Apus Triangulum Australe Norma |
BeschreiwungÄnneren
Den Zierkel ass keen opfällegt Stärebild, a besteet aus enger Grupp vu Stären, vun deenen nëmmen een déi 3. Gréissteklass erreecht.
Duerch d'Stärebild zitt sech dat hellt Band vun der Mëllechstrooss. Vun Europa ass et net ze gesinn.
GeschichtÄnneren
Den Zierkel gehéiert zu de 14 neie Stärebiller, déi de franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille am 18. Joerhonnert agefouert huet.
HimmelsobjetenÄnneren
StärenÄnneren
Stär | F | Numm | Gréisst | Distanz (Lj) | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 3,19m | 50 | F0 | ||
β | 4,07m | 80 | A3 V | ||
γ | 4,08m | 500 | A5 V | ||
ε | 4,85m | ||||
δ | 5,04m | 2500 | O9 + B1 | ||
θ | 5,08m | ||||
η | 5,16m | ||||
ζ | 6,09m |
Den β Circinis ass 80 Liichtjoer vun eis ewech a liicht blo-wäiss. Seng Spektralklass ass A3.
DuebelstärenÄnneren
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | 3,4m/8,6m | 16" |
δ | 5,1m/5,7m | 243" |
Den α Circinis, hellste Stär am Zierkel, ass en Duebelstäresystem.
Den δ Circinis ass en extreem liichtstaarkt Duebelstäresystem op enger Distanz vun 2500 Liichtjoer. Et besteet aus zwéin d'selwecht helle Stäre mat de Spektralklassen O9 a B1.
NGC-ObjetenÄnneren
NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|
5823 | Oppene Stärekoup |
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Circinus – Biller, Videoen oder Audiodateien |