NGC 3766
oppene Stärekoup am Stärebild Centaurus
Den NGC 3766 ass en oppene Stärekoup am Stärebild Centaurus. Den NGC 3766 huet en Duerchmiesser vun 12 Bouminutten an eng visuell Magnitude vu 5,3 mag. De Stärekoup ass tëscht 5.000 bis 7.000 Liichtjoer vun eis ewech.
Foto, opgeholl vum MPG/ESO-2,2-m-Teleskop. | |
Stärebild |
Centaurus (Cen) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 11h 36.2m |
Deklinatioun | - 61° 37' |
Ausgesinn | |
Wénkelduerchmiesser | × |
Physikalesch Donnéeën | |
Alter | ca. 20 Mio. |
Geschicht | |
Entdecker | Nicolas-Louis de Lacaille |
Entdeckungsdatum | 1751 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
1133-613 | |
248 | |
GC | 2468 |
h | 3352 |
NGC | 3766 |
OCl | 860 |
ESO | 129-SC27 |
An enger an Astronomy and Astrophysics publizéierter Analys mat siwejäreger Observatioun vu méi wéi 3000 Stäre mat Hëllef vum Leonhard-Euler-Teleskop am Chile, goufen am Stärekoup 36 Stären entdeckt, déi zu enger bis elo net beschriwwener Klass vu verännerleche Stären ze gehéiere schéngen. Si rotéiere ganz séier a sinn eréischt ronn 20 Millioune Joer al. Hir Hellegkeet variéiert nëmme liicht, ëm 0,1 Prozent an zwou bis 20 Stonnen. Si léisst sech awer trotzdeem net mat de bekannte Stäremodeller erklären.[1]