Gare Éiter

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare vun Éiter ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit tëscht der CR132 (Rue de la Gare) am Osten an der Rue du Chemin de Fer am Westen an der Sektioun Éiter vun der Gemeng Conter. D'Gare gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier - (Wittlich) vum CFL-Zuchreseau. Se läit tëscht der Gare Sandweiler-Conter an där vu Mënsbech.

Gare Éiter
D'Gare vun Éiter (2025)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1861
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Conter
Uertschaft Éiter
Koordinaten 49°36'9"N, 6°15'30"O
Héicht i. M. 257 m
Reseau
Statiounscode Oe
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Linn(en) CFL-Linn 3
P.K. 11,980 km
Gleiser 6
Gleiser mat Quai 2, 1
Passagéier/Joer 121.807
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Sandweiler-Conter,
Gare Mënsbech
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Oetrange
Kaart
Lag vun der Gare Éiter
D'Gare 1991 aus der Loft

D'Gare Éiter kann och vun de Zich bedéngt ginn, déi iwwer d'Streck 4, der sougenannter Éiter Streck, fueren.

D'Gare huet e Park & Rail-Parking mat 54 Plazen an zwou speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen. An der Gare Éiter gëtt et just eng Trap fir op déi aner Säit op de Quai ze kommen.

Zich déi an der Gare halen

änneren

(Stand: Februar 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Waasserbëlleg ↔ Tréier ↔ (Wittlich)

änneren

Richtung Waasserbëlleg

änneren
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Sandweiler-Conter   RB   Mënsbech Waasserbëlleg
Lëtzebuerg Sandweiler-Conter   RB   Mënsbech Tréier - Wittlich

Richtung Lëtzebuerg

änneren

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Gare Éiter – Biller, Videoen oder Audiodateien