Elektrifizéierung (Eisebunn)

Ënner Elektrifizéierung versteet ee bei der Eisebunn d'Ausrëschte vun enger Zuchstreck mat enger Catenaire oder enger drëtter oder och véierter Schinn déi elektresche Stroum un d'Traktiounsgefierer déi op der Streck ënnerwee sinn, weidergëtt. Elektrifizéiert Eisebunnsstrecke gëtt et zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert. Déi éischt elektrifizéiert Streck gouf et 1895 an Amerika wéi zu Baltimore ënnerierdesch Gleiser geluecht goufen an duerno an der Schwäiz 1899 op der Streck Thun - Burgdorf. A Frankräich goufen déi éischt Elektrifizéierungen am Joer 1900 op de Paräisser Linne vum Quai d'Orsay op d'Gare Austerlitz a vun der Gare des Invalides bis op Versailles mat 600 Volt Gläichstroum a mat enger drëtter Schinn gemaach.

Däitsch elektrifizéiert Eisebunnsstreck.
Elektrifizéierung vun der Eisebunn an Europa

Am Ufank waren d'Elektrifizéierungen nëmmen op e puer Strecke limitéiert a gouf nëmmen op kuerzen Distanze agesat fir spezifesch Problemer ze léisen, wéi z. B. fir op de Linnen an der noer Ëmgéigend vun de Stied keen Damp ze maachen, oder op géie Biergstrecke wou d'hydraulesch Energie a grousse Quantitéiten zur Verfügung stoung. Réischt no der Kuelekris am Éischte Weltkrich ass d'Iddi vun der elektrescher Traktioun op grousse Strecke méi konkreet ginn, well s'anengems e gewëssen Ausgläich beim Energiemanktem konnt bréngen.

Stroumsystemer änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Gläichstroum änneren

Wiesselstroum änneren

Monophasesystem änneren

Zweephasesystem änneren

Dréistroum änneren

Elektrifizéierung vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg änneren

D'Geschicht vun der Elektrifizéierung zu Lëtzebuerg ass enk mat der Geschicht vun der Lëtzebuerger Ekonomie an der Nokrichszäit verknëppt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Elektrifizéierung vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg.

Um Spaweck änneren