D'Evamarie Bange, 1961 zu Bonn gebuer, ass eng däitsch Historikerin, déi 2006 Lëtzebuergerin ginn ass an zanter Februar 2005 un der Spëtz vum Archiv vun der Stad Lëtzebuerg steet.

Evamaria Bange
Gebuer 1961
Aktivitéit Historiker

Formatioun a Karriär änneren

D'Evamarie Bange huet zu Freiburg Geschichts- an Archeologiesstudie gemaach, déi se zu Oxford (GB) mat engem Master ofgeschloss huet. Duerno huet si zu München nach e Ph.D. an hirer Spezialitéit drugehaang.

1991 koum si mat hirer Famill (dräi Jongen) op Lëtzebuerg an ass 1997 wëssenschaftlech Mataarbechterin vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg ginn. Do ass se 2001 Responsabel vun de Kollektioune vum Musée ginn. Tëscht 1991 an 2000 hat si eng archeologesch Analys vun de Gebaier vum Musée realiséiert a publizéiert. Si huet och déi eng oder aner Ausstellung mat organiséiert. Am Februar 2005 ass si, als Nofollgerin vum pensionéierte Fernand Emmel, Leederin vum Archiv vun der Stad Lëtzebuerg am Stadhaus ginn. An där Funktioun publizéiert si reegelméisseg lokalgeschichtlech Artikelen, haaptsächlech an der Zäitschrëft ons stad.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Mit Blick in die Zukunft - Anforderungen an Archive am Beispiel der Stadt Luxemburg ; in forum, Nr. 337 / Februar 2014; Ss. 36-38.
  • Diebe, Brandstifter und Kindsmörderinnen - Die Galgen der Stadt Luxemburg ; in: Ons Stad, Nr. 98, Dezember 2011; Ss. 48-50 (ill.).
  • Denkmalpflege in Luxemburg - Neue Ergebnisse zur Baugeschichte der Kathedrale und des ehemaligen Jesuitenkollegs ; in: Ons Stad, Nr. 94, Juli 2010; Ss. 54-57 (ill.).
  • Archiv der Stadt Luxemburg - Erkenntnisse zur Entwicklung des kommunalen Bibliothekswesen ; in: Ons Stad, Nr. 89, Dezember 2008; Ss. 48-52 (ill.).
  • Die Stadt Luxemburg und ihre Kinos: von den Anfängen bis zum Bau des Kinotheaters Marivaux ; in: Ons Stad, Nr. 87, Abrëll 2008; Ss. 62-63 (ill.).
  • Ein mittelalterliches Judenviertel in der Grossgasse? ; in: Ons Stad, Nr. 86, Dezember 2007; Ss. 46-47 (ill.).
  • Belaires Kirche feierte fünfzigstes Wiegenfest ; in: Ons Stad, Nr. 84, Mee 2007; Ss. 50-52 (ill.).
  • Die Schleifmühle im Spiegel der Stadtarchive: Analyse der Quellen ; in: Schläifmillen - Geschichte und Gegenwart ; erausgi vu 'Luxembourg-Schläifmillen - Inter-Actions', 2007; Ss. 63-72 (ill.).
  • Fromme Frauen und Geldgeschäfte: Zeugnisse zur Abtei von Bonneweg ; in: Ons Stad, Nr. 79, Juli 2005; Ss. 24-25 (ill.).

Literatur änneren

  • Gaston Carré, La vestale de la mémoire municipale - Evamaria Bange, nouveau conservateur des Archives ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 9. Abrëll 2005.
  • Lotti Stemper, Une nouvelle aux archives - Les archives municipales de la ville de Luxembourg ont un nouveau conservateur. Evamaria Bange s'occupera dorénavant des documents historiques de la capitale ; in: Le Quotidien, Ausgab vum 9. Abrëll 2005.
  • Birgit Pfaus-Ravida, Das Stadtarchiv im Rathaus der Hauptstadt: Luxemburgs Gedächtnis - Urkunden und Schriftstücke gehen bis zum Jahr 1244 zurück ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 21. Oktober 2006.