Clinique Sacré-Cœur

Klinick um Belair an der Stad, déi vun 1956 u vun de Franziskanerinne bedriwwe gouf

D'Clinique Sacré-Cœur war eng Klinick um Belair an der Stad, déi vun 1956 u vun de Franziskanerinne bedriwwe gouf. Se gouf 20.. zou gemaach an et gouf en Altersheem dohi gebaut.

Clinique Sacré-Cœur
De CIPA Sacré-Coeur, do wou fréier d'Klinick stoung
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Strooss Avenue Gaston-Diderich
Adress Avenue Gaston-Diderich
Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 41.4’’ N
      06° 06’ 54.0’’ O
Architekt(en) Jean Lammar, Pierre Reuter
Statut ofgerappt (2005)
Datum vum Bau 1956
Opgaangen 28. August 1956
Proprietär Congrégation des Franciscaines de la Miséricorde
D'Mutterhaus vun der Kongregatioun, nieft der fréierer Klinick Sacré-Cœur

Geschicht[1] änneren

D'Franziskanerschwësteren haten um Fëschmaart zwou Klinicke bedriwwen, d'Clinique Saint-François an d'Clinique Saint-Joseph, déi awer allebéid iwwer d'Joren ze kleng goufen. Nodeems d'Mutterhaus vun der Kongregatioun schonn 1921 op de Belair verluecht gi war, hunn d'Dokteren aus den zwéi Spideeler ëmmer nees drop higewisen, datt en neit Spidol gebaut misst ginn. D'Kongregatioun huet dunn decidéiert nieft dem Mutterhaus eng nei Klinick ze bauen. Den éischte Spuedestéch war den 13. Juli 1953 an dat neit Spidol ass den 28. August 1956 ageweit ginn.

Schonn no e puer Jore koum et zu Ëmbauten, fir datt d'Klinick den neisten Ufuerderungen entsprieche sollt. 1971 gouf eng Intensivstatioun ageriicht, déi technesch Departementer wéi d'Radiologie an d'Poliklinick goufe vergréissert.

1985 huet sech erausgestallt, datt d'Klinick, och wa se e puermol ëmgebaut gi war, definitiv ze kleng wier a se misst substantiell vergréissert ginn. De Projet gouf uganks och vum Gesondheetsministère ënnerstëtzt, ma wéi sech erausgestallt huet, datt och d'Elisabetherinnen hir Klinick vergréisserte wéilten, koum d'Iddi op, e gemeinsaamt privat Spidol ze bauen. Sou gouf d'Fondation François-Elisabeth[2] gegrënnt an d'Spidol um Kierchbierg gebaut.

Nodeems d'Klinick um Kierchbierg de 4. Juli 2003 opgaangen ass, gouf d'Clinique Sacré-Cœur zerguttst zougemaach.

D'Gebai um Belair hätt am Fong sollten ëmgebaut ginn, ma et wier duerch déi grouss Aarbechten zu Problemer mat der Statik komm, sou datt decidéiert gouf, d'Gebai ewech ze rappen an en neit Gebai ze bauen. Den 11. Januar 2005 gouf mam Ofrappen ugefaangen an d'Kongregatioun huet zesumme mat der Asbl « Homes pour personnes âgées » e Seniorenheem mam Numm « Centre intégré pour personnes âgées Sacré-Cœur » gebaut, dat seng Dieren 2009 opgemaach huet[3].


Literatur änneren

  • Clinique Sacré-Coeur. (1987). Clinique Sacré-Coeur. Friedberg: Weka-Verl.
  • Rauchs, Ernest. (1989). La clinique du Sacré-Coeur. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, Année 126 (1989), n° jubilaire du 125e anniversaire, p. 93-95.
  • Clinique Sacré-Coeur. (1996). Clinique Sacré-Coeur. S.l.: [s.n.].

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Geschichte - Home Pour Personnes Agées - HPPA. hppa.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-21.
  2. de 6. Mee 1992 gegrënnt, méi spéit an „Fondation Hôpitaux Robert-Schuman“ ëmgenannt
  3. Pierre Scholtes, „Abschied der Stadtschwestern“, um Spaweck