Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Eeërblumm, oder Botterblumm (Caltha palustris) ass eng Aart aus der Famill vun de Ranunculaceae. Si gehéiert zu den éischte Fréijoersbléier.

Eeërblumm
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Ranunculales
Famill Ranunculaceae
Gattung Caltha
Aart Eeërblumm
Wëssenschaftlechen Numm
Caltha palustris
L.

D'Planz déi e puer Joer hannereneen erëmkënnt, gëtt tëscht 15 a 50 cm héich a blitt tëscht Mäerz a Mee. Eng zweet Bléi kann tëscht Juli an Oktober virkommen. D'Blieder si donkelgréng a blénkeg, häerzfërmeg an um Rand gekierft.

Nimm änneren

Dem Heng Klees no huet si nach follgend Nimm: Botterblumm, Fräscheblumm, Dueder (-blumm), Inteblumm, Jongeblumm (an eng Rëtsch weider méideiteg Bezeechnungen).

De wëssenschaftlechen Aartennumm kënnt aus dem laténgeschen: palustris staamt vun palus = Supp, en Hiweis op déi gewéinlech fiicht Plazen, op deene d'Planz virkënnt.

Literatur änneren

  • Klees, Henri, 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.
 
Äerblumm um Ufer vun der Our bei der Tëntesmillen.
 
Caltha palustris

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Wiktionnaire: Eeërblumm Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen