D'Maison Bel-Air ass e Wunnhaus an der avenue Gaston Diderich um Belair an der Stad Lëtzebuerg.

Maison Bel-Air
Koordinaten 49°36'4,75"N, 6°7'31,33"O

Historesches änneren

Den Architekt Mathias Martin huet d'Haus 1923 fir sech gebaut.

Gebai änneren

Sou wéi de Mathias Martin dat gemenkerhand gemaach huet, huet hien och sengem Haus säi perséinleche Stempel opgedréckt, ënner anerem mat Statuen op der Fassad vum zweete Stack. Am Virgäertche stinn och zwou Statuen: de Merkur op der rietser Säit stellt d'Industrie an den Handel duer iwwerdeems d'Venus op der aner Säit d'Schéinheet duerstellt[1].

Ënnen nieft der Trap ass eng Tak mam Gnodebild vu Kevelaer mat der Lëtzebuerger Tréischterin am Leed.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Maison Bel-Air – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Robert L. Philippart, Bauzeichen verraten Baumeister DCK 3/2015, S. 11-16