Renée Wagener
D'Renée Wagener, gebuer den 21. November 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sozialwëssenschaftlerin, Journalistin, Historikerin a fréier déi gréng-Politikerin. Si war vun 1991 bis 1994 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vun 1994 bis 2004 Deputéiert an der Chamber.
Renée Wagener | |
---|---|
D'Renée Wagener 2014 | |
Gebuer |
21. November 1962 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Fernuniversität Hagen |
Aktivitéit | Politiker, Sozialwëssenschaftler, Journalist, Historiker, Soziolog, Universitéitsprofesser |
Partei | déi gréng |
Karriär
ännerenSi huet 1997, op der FernUniversität in Hagen an Däitschland, am Fach Sozialwëssenschaften eng Magistraaarbecht iwwer d'Geschicht vum Fraewalrecht zu Lëtzebuerg virgeluecht. 2017 huet si hir Promotiounsaarbecht Die jüdische Minderheit in Luxemburg und das Gleichheitsprinzip Staatsbürgerliche Emanzipation vs. staatliche und gesellschaftliche Praxis vom 19. bis zum Beginn des 21. Jahrhunderts vedeedegt[1], déi 2022 als Buch erauskomm ass.
D'Renée Wagener huet als Journalistin bei der woxx an als Wëssenschaftlerin am Institute of History op der Uni Lëtzebuerg geschafft. Si ass och fräiberufflech als Publizistin a Moderatorin aktiv. Si huet eng Rei Publikatiounen iwwer feministesch, sozialwëssenschaftlech an historesch Theme verëffentlecht.
Vun 2019 bis 2023 war si Member vum Verwaltungsrot vum Radio 100,7.[2]
Publikatiounen
änneren- Emanzipation und Antisemitismus, Die jüdische Minderheit in Luxemburg vom 19. bis zum beginnenden 21. Jahrhundert, (Studien zum Antisemitismus in Europa; 16), Metropol, 2022, 725 S.
- Between Recognition and Exclusion. The Effects of the Décret Infâme on Jewish Emancipation in Luxembourg, in: Samuel Hirsch. Philosopher of Religion, Advocate of Emancipation and Radical Reformer, 2022, S. 207–226.
- Die jüdische Minderheit in Luxemburg und das Gleichheitsprinzip Staatsbürgerliche Emanzipation vs. staatliche und gesellschaftliche Praxis vom 19. bis zum Beginn des 21. Jahrhunderts, Dissertation zur Erlangung des akademischen Grades einer Doktorin der Philosophie, 2017, Fakultät für Kultur- und Sozialwissenschaften der FernUniversität in Hagen, 997 S.
- Die «Königsrose» und die «Revolutionäre». Historische Darstellungen der Krise von 1918/1919, in: Hémecht, 69 (2017) Nr. 3-4, S. 47-59.
- Endlich flatterte die Wäsche am Westwall. Der ehemalige Westwall aus der Luxemburger Perspektive, in: Naturschutz am ehemaligen Westwall. NS-Großanlagen im Diskurs, herausgegeben von Gesellschaft zur Föderung der Hochschule Geisenheim, S. 58-66. (Geisenheimer Beiträge zur Kulturlandschaft; 1), Geisenheim, 2016.
- «Je ne peux trahir mon âme et ma vocation d'historienne» - Forschen und schreiben über eine geschichtsbewusste Politikerin (betrëfft d'Lydie Schmit); in: forum, Nr. 337 / Februar 2014; S. 30-32.
- Méi Sozialismus! Lydie Schmit und die LSAP 1970-1988 - Eine politische Biographie, Lëtzebuerg (Fondation Lydie Schmit), 2013. ISBN 978-2-919908-07-3
- Familial Discussions in the Context of Memory Research on the Second World War. Expectations and Disappointments. In: Boesen, Elisabeth; Lentz, Fabienne; Margue, Michel; Scuto Denis; Wagener, Renée (ed.): Peripheral Memories. Public and private Forms of Experiencing and Narrating the Past. (Histoire.) Bielefeld, 2012, S. 69-94.
- D'Lëtzebuerger Republik. Von Schande und Scheitern; in: Kmec, Sonja / Péporté, Pit (dir.), Lieux de mémoire au Luxembourg (2), Lëtzebuerg, 2012.
- Man kann aber Antisemit und doch ein guter Katholik sein. Die Rezeption der Dreyfus-Affäre in Luxemburg; in: Judaica, 2012, Heft 3, S. 247-277
- Bye bye, Siegfried. Der lange Abschied der Luxemburger Frauen vom Patriarchat; in: Not the girl you're looking for. Melusina rediscovered. Objekt + Subjekt Frau in der Kultur Luxemburgs. Lëtzebuerg, 2010, S. 212-238.
- Das Rad gehört in die Zeit. Die Sozialgeschichte des Fahrrads in Luxemburg von 1914 bis 1945 im Spiegel von Zeitberichten; in: Mam Vêlo do. Eine Radtour durch die Luxemburger Zeitgeschichte. 25 Joer Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ. November 2010.
- Kulturelle Identität braucht Demokratie: die Problematik des Denkmalschutzes in Luxemburg; en Dossier vum Mouvement écologique. - D'Recherche an d'Redaktioun vum Dossier, November 2006.
- Marguerite Thomas-Clement, Sprecherin der Frauen: Die erste Luxemburger Abgeordnete; in: «Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen... »; Publications nationales, Lëtzebuerg, 1997.
- Catherine Schleimer-Kill und die "Action féminine"; in: «Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen...»; Publications nationales, Lëtzebuerg, 1997.
- Politische Partizipation von Frauen in Luxemburg seit 1919; Lëtzebuerg, erausgi vum Centre de documentation et d'information Thers Bodé a vum Ministère de la promotion féminine, 1998; 199 Säiten. ISBN 2-919876-16-3
- Wie eine frühreife Frucht. Zur Geschichte des Frauenwahlrechts in Luxemburg; Lëtzebuerg, 1994.
- Fir weider Publikatiounen, kuckt och: https://independent.academia.edu/Ren%C3%A9eWagener
Gielercher
änneren- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1999).[3] D'Renée Wagener insistéiert awer, datt si dee Gielchen ni ugeholl huet, en deemno "malgré-moi" krut.[4]
Um Spaweck
ännerenCommons: Renée Wagener – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Websäit vun der Renée Wagener
Referenzen
änneren- ↑ https://ub-deposit.fernuni-hagen.de/receive/mir_mods_00001049
- ↑ Luxemburger Wort vum 29. November 2019, S. 10.
- ↑ Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
- ↑ cf Diskussiounssäit, confirméiert per E-mail.