Franséisch Okkupatioun (1684-1697)

Zanter der Belagerung vun der Stad Lëtzebuerg duerch d'Fransousen am Joer 1684 war den Duché un de Louis XIV. gaangen.

D'Stad no 1684 änneren

Déi éischt Expeditioun vum Créquy vum 21. bis de 27. Dezember 1683, hat als eenzegt Zil d'Zerstéierung vun der Stad. De Louvois huet dem Créquy de 27. November geschriwwen:

Prenez vos mesures pour faire commencer à jeter des bombes dans Luxembourg et essayer de brûler cette place le 20 du mois prochain [...] Le roi s'attend à ce que vous n'oublierez rien de ce qui sera possible pour bien brûler toutes les habitations de la ville [...]

Glécklecherweis schloen net all d'Bommen an, an d'Stad ka sech ënner anerem och duerch d'Aarbecht vun de Magistraten an de Bierger virum totale Ruin retten. Trotz allem huet d'Stad Lëtzebuerg awer schwéier Schied dovu gedroen. Dem Vauban säin éischten Androck war follgenden:

Les bâtiments sont extrêmement ruinés tant de la bombarderie de l'hiver dernier que des coups échappés du siège qui sont infinis et qui l'ont tellement gâtée qu'il n'y a peut-être pas dix maisons qui ne soient criblées de coups de canon ou crevées de bombes.

32 Gebaier waren duerch d'Bombardementer komplett zerstéiert. De Rescht, bis op e puer Ausnamen, war no 1683/84 an engem lamentabelen Zoustand. Et feelen Diech, de Buedem ass duerch Projektiller méi schlëmm wéi e Schwäizer Kéis. An de meeschte Fäll ass de Rez-de-chaussée nach eenegermoossen ze bewunnen.

D'Zerstéierung vu sou vill Haiser war en Desaster fir all Bevëlkerungsschichten, an haaptsächlech fir d'Handwierker an d'Händler. Vill vun hinnen hate sech zanter 1671 kleng Haiser an de Stroosse Chimay, Monterey, Louvigny, Porte-Neuve a Beaumont gebaut, an op bal alle louch nach eng Hypothéik wéi d'Fransouse komm sinn. Et hunn also nei Prête missen opgeholl ginn, fir d'Reparatiounen, déi de Louis XIV. am Januar 1685 beschloss hat, bezuelen ze kënnen.

E gudden Iwwerbléck iwwer den Zoustand vun der Stad bitt d'Visite générale faicte le 13 juin 1684, eng Lëscht an der Uewerstad fir ze kucke wou een d'franséisch Zaldote kéint ënnerbréngen, an eent vun de vereenzelten Dokumenter dat d'Fransousen net nees mat heemgeholl hunn, wéi si 1697 nees d'Stad verlooss hunn. Dora sinn am Ganzen 305 Haiser opgelëscht, mä d'Lëscht ass net komplett, e puer Säite sinn am Laf vun der Zäit verluer gaangen.

[...]
Jean Wirth at bouticq, cuisine et poil ; enhault une petite chambre ou couchent ses enfants et valets. La maison est sans toict et la ch. sur le devant brisé. – ne loge pers., peut loger 3 soldats.
Nic. Dhorn, sa maison entierrement delabore et incapable a loger sans estre refaicte.
George Grasser, La maison est sans toict ; il occ. un poil, une cuis. et une ch. enhault sur ledevant ; sur le derrier appartenante a Josep Pedro loge un vivandier lequel at loué 3 ch. et une autre pardessus avecq une petite escurie. – ne loge personne, peuvent loger avec ledit vivandier 6 soldats.
La maison de l'avocat Hugonel occ. par Ambroise le Prince, le quartier derrier consistant en 2 ch. tout enfonce et sans toict, il occ. un poil, une cuis., une ch. derriere icelle, enhault encore une ch. qui luy serve de grenier, celle de devant a feu, est occ. par les soldats, le toict et grenier entierrement brisé. – loge le lieut. du Prevost, 4 haultbois et un valet de la Corone, peut loger 4 lieut. en quittant les autres.
La maison de l'avocat Aldringen occ. par louage de Harlach: contient un poil, une cuis. et chambrette sur le bas ; enhault une ch. a feu et derriere icelleune petite ch. ; le toict entierrement brisé et les desgres enfoncé par les bombes. – peuvent loger 4 lieut.
[...]

D'Lëtzebuerger tëscht Habsburger a Fransousen änneren

"Vive le Roi" änneren

Fir d'Sympathië vum Lëtzebuerger Vollek fir den neie franséische Monarch ze verstoen, muss ee sech d'Onzefriddenheet vun de Lëtzebuerger vis-à-vis vun de Spuenier an hirer Garnisoun virun A féieren. De Conseil provincial an d'Generalstänn vu Lëtzebuerg hu sech dës Ëfteren iwwer d'Exzesser vun de spuenesche Regimenter beschwéiert. Si hunn eng sëlleg Requêten un de Gouvernement zu Bréissel geschriwwen.

Sou ass et méi einfach ze verstoen, datt et fir vill Lëtzebuerger mat engem neie Regime nëmme besser konnt ginn. D'Land gouf nees sécher, de Commerce huet en Opschwong erlieft, an duerch grouss Zommen déi de Louis XIV. investéiert huet, gouf d'Stad nees opgebaut an d'Festung ënner dem Vauban verbessert.

Vill Membere vum ale Conseil provincial sinn net an den Exil gaangen. Ënner de Spuenier hate si schonn eng flott Carrière gemaach, a sou ass et ze verstoen, datt si dës kaum ënnerbrieche wollten. Den Historiker Paul Margue beschreift dës Situatioun mat de Wierder "Il n'y avait guère de réticence, désormais, à servir les Français pourvu que le service nourrît son homme".

Visitt vum Louis XIV. zu Lëtzebuerg (21.-26. Mee 1687) änneren

 
Louis XIV. vu Frankräich

Vum 21. bis de 26. Mee 1687 war de Louis XIV. vu Frankräich an der Stad Lëtzebuerg fir d'Festung Lëtzebuerg, déi no de Pläng vum Vauban an deenen dräi Joer virdrun ausgebaut gi war, z’inspizéieren.

Wärend senger Visitt huet hien eng Partie Audienze ginn, a sech generéis vis-à-vis vum Lëtzebuerger Klerus gewisen. De 26. Mee huet de Louis XIV. Lëtzebuerg nees verlooss.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Openthalt vum Louis XIV. vu Frankräich zu Lëtzebuerg.

Literatur zum Theema änneren

  • Tony Bourg, Avec Racine à Luxembourg, Les Pages de la S.E.L.F., Lëtzebuerg, 1963.
  • Bertrand Jeanmougin, Louis XIV à la conquête des Pays-Bas espagnols: la guerre oubliée 1678-1684, Economica, Paräis, 2005.
  • François Lascombes, La ville de Luxembourg pendant la seconde moitié du XVIIe siècle, J. Beffort, Lëtzebuerg, 1984.
  • Georges Livet, « Strasbourg, Metz, Luxembourg: contribution à l'étude de la politique extérieure de la France sous Louis XIV », Colloque de Luxembourg, 1977, Metz 1978.
  • Georges Livet, « Louis XIV et les provinces conquises: état des questions et remarques de méthode », in Bull. Soc. Et. XVIIe siècle, n°16, 1958.
  • Henri Lonchay, La rivalité de la France et de l'Espagne aux Pays-Bas: étude d'histoire diplomatique et militaire 1635-1700, Bréissel, 1896.
  • Paul Margue, « Assujettis ou sujets ? Les Luxembourgeois sous Louis XIV », Colloque de Luxembourg, 1977, Metz, 1978, S.21-38
  • Enghan Ó Hannracháin, 2011. Le bombardement de Luxembourg en 1683 vu à travers les registres des Invalides. Hémecht Nr. 1 2011, S. 63-75.
  • Gilbert Trausch, Le Luxembourg sous l'Ancien Régime, Ministère de l'éducation nationale, Lëtzebuerg, 1977.

Kuckt och änneren