D'Gander respektiv d'Albaach, wéi d'Awunner vu Munneref soen, ass eng Baach zu Lëtzebuerg an a Frankräich. Si ass e lénksen Niewefloss vun der Musel.

Gander
D'Gander zu Munneref am Park
Längt 12,3 km
4,5 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Fläch vum Baseng 75,2 km²
Originn
Originn Zesummelaf vun der Briedemsbaach mat der Aalbach
Plaz Uespelt
Héicht 235 m
Koordinaten 49° 31’ 12.9’’ N 06° 13’ 27.5’’ O
Konfluenz
Leeft an Musel
Plaz Uewerkonz
Héicht 147 m
Koordinaten 49° 26’ 55.0’’ N 06° 09’ 36.1’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Frankräich
Regioun Guttland
Grand Est
Uertschaften Uespelt, Altwis, Munneref

D'Gander entsteet zu Uespelt aus dem Zesummelaf vun der Briedemsbaach an der Aalbach, an no 1.500 Meter bei der Autobunnsbréck, dem Viaduc vun Altwis, stéisst s'op d'franséisch-lëtzebuergesch Grenz, vu wou un se d'Grenz tëscht deenen zwee Länner mécht.

Weider leeft se laanscht Altwis, Munneref an, um rietsen Uwänner, Mondorff. Ronn 2,5 km hanner Éimereng leeft d'Gander bei der Hënschtrëffermillen a Frankräich, wou se nach laanscht d'Uertschafte Gandren an Uewerkonz leeft, ier se dann an d'Musel leeft. A Frankräich gëtt se och nach Altbaach genannt.

Renaturéierung zu Munneref änneren

2018 gouf d'Gander zu Munneref op enger Längt vun 300 Meter renaturéiert, woubäi d'Bett vun der Baach op ronn 30 m méi breet gemaach gouf.[1] D'Baach ka sech elo bei Héichwaaser ausbreeden, soudatt Iwwerschwemmunge kënne verhënnert ginn. D'Aarbechte goufe bal ausschléisslech um franséischen Uwänner gemaach. D'Käschten, déi vum lëtzebuergeschen Ëmweltministère gedroe goufen, louche bei ronn 500.000 Euro. D'Renaturéierung gouf vun der Gemeng Munneref zesumme mat der Administration de la gestion de l'eau gemaach an den 21. September 2018 offiziell virgestallt.[1]

Zesumme mat 11 aneren Aarbechten am a laanscht d'Baachbett vun der Gander an der Gemeng Munneref sollen d'Iwwerschwemmungen, besonnesch zu Munneref, verhënnert ginn.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gander – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Hopp, S., 2018. Neues Bett für die Gander. Weiterer Flussabschnitt bei Bad Mondorf verbreitert. Luxemburger Wort vum 24. September 2018, S. 36.
  2. A.-A. Schmitz, 2016. Der kleine Fluss soll artig bleiben. Gemeinde Bad Mondorf baut Hochwasserschutz an der Gander. Luxemburger Wort vum 30. Mäerz 2016, S. 20.