Riets (Politik)

Am politesche Spektrum vu Lénks, Zentrum a Riets charakteriséiert sech eng riets Politik duerch d'Positioun, déi d'sozial Hierarchie oder eng sozial Ongläichheet als onvermeidbar, natierlech, normal oder esouguer wënschenswäert akzeptéiert. Déi politesch Haltung gëtt am allgemengen op Grondlag vum Naturrecht an der Traditioun justifiéiert. D'Hierarchie an d'Ongläichheet kënnen als natierlecht Resultat vun traditionelle sozialen Ënnerscheeder oder der Competitioun an der Maartwirtschaft gesi ginn.[1]

D'Begrëffer "Lénks" a "Riets" si wärend der franséischer Revolutioun (1789-1799) entstanen. Si leede sech vun der Sëtzuerdnung vun den deemolege Volleksvertrieder am franséische Parlament of: op der lénkser Säit vum Parlamentspresident souzen déi Leit, déi fir d'Republik waren, an op der rietser Säit souzen déi, déi fir d'Monarchie an den Ancien Régime waren.[2][3]

Zu de rietse Wäerter zielen Uerdnung, Patriotismus, Autoritéit, Distanz an Disziplin. D'riets Ideologie tendéiert dozou, e perséinlecht Flichtbewosstsinn ze betounen, dat dofir soll suergen, datt den eenzele Bierger, dee "seng Plaz" kennt, fir d'Disziplinéierung duerch seng politesch a sozial Virgesetzt empfänglech ass.[2][4]

De Virleefer vun der CSV zu Lëtzebuerg huet sech Rietspartei (Parti de droite) genannt.

ReferenzenÄnneren

  1. mdr.de: Was bedeutet eigentlich politisch links und rechts? (24. Mee 2022)
  2. 2,0 2,1 Bundeszentrale für politische Bildung: Rechts-Links-Schema (gekuckt de 26. Juni 2022)
  3. Parlament vun der Republik Éisträich - Podcast Parlament erklärt - Folleg 55: Was bedeutet eigentlich politisch „links“ und „rechts“? (gekuckt de 26. Mee 2022)
  4. Auburn University, Department of Political Science, "A Glossary of Political Economy Terms": Right-wing, rightist