Jeff Engelen
lëtzebuergesche Politiker
De Jeff Engelen, gebuer de 24. Juli 1953 zu Heerlen[1] (Provënz Limburg), ass e lëtzebuergesche Handwierksmeeschter[2], Auteur a Politiker.
Jeff Engelen | |
---|---|
Gebuer |
24. Juli 1953 Heerlen |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Schrëftsteller |
Partei | ADR |
Formatioun a CarrièreÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Politesch MandaterÄnneren
De Jeff Engelen ass zanter 1990 am Gemengerot vun der Gemeng Wëntger.
Hie war 1989 fir d'éischt Kandidat bei de Chamberwalen fir den deemolegen Aktiounscomité 5/6 Pensioun fir jiddwereen, krut dat éischt Chambermandat awer eréischt bei de Wale vum 14. Oktober 2018 fir d'ADR am Bezierk Norden.
De Jeff Engelen ass President vun der ADR fir de Bezierk Norden[3].
PublikatiounenÄnneren
De Jeff Engelen huet als Auteur oder Coauteur e puer Bicher iwwer d'Lokalgeschicht vun Éisleker Dierfer erausbruecht, ë. a.:
- 2000. Association sportive Wincrange 1975 : 25 Joer ASW
- 2008. Tratten, Tratterstrooss, Kréindel, Hannerhassel am Laf van der Zäit.
- 2010. Fräiwëllig Pompjeeën Gemeng Wëntger : Fändelswei 2010.
- 2015. Geméng Wëntger. Schoulfotoen van 1894-1974
- 2016. Fotografischer Streifzug durch die Gemeinde Wintger, Balade photographique à travers la commune de Wincrange.
- 2018. Heesdrëf. Seng Geschicht, seng Legt
Um SpaweckÄnneren
- Nei Deputéiert: Jeff Engelen vun der ADR Reportage op rtl.lu den 19. Oktober 2018, fir d'lescht gekuckt den 20. Oktober 2018
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Jeff Engelen, Fiche signalétique op chd.lu, der Websäit vun der Chamber; fir d'lescht gekuckt den 30. Oktober 2018
- ↑ op politikercheck.lu, gekuckt den 20. Oktober 2018
- ↑ Législatives 2018, Les candidats de l'ADR op paperjam.lu, gekuckt den 20. Oktober 2018