Fred Keup

lëtzebuergesche Politiker (ADR)

De Fred Keup, gebuer de 15. Mee 1980, ass e lëtzebuergeschen Deputéierten an der Chamber, Enseignant a politeschen Aktivist vu Mamer.[1]

Fred Keup
Fred Keup (Chambre des députés, Luxembourg).png
Gebuertsnumm Frederic Keup
Gebuer 15. Mee 1980
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Aktivist, Enseignant, Politiker, Geograph
Partei ADR
Member vun Actioun Lëtzebuergesch, Déi Lénk, CSV, FC Kehlen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Nom Secondaire am Lycée Michel-Rodange huet de Fred Keup Geographie um Centre Universitaire de Luxembourg an op der Universitéit Stroossbuerg studéiert. Hien ass haut Geographiesprofesser am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette[2].

Hie war fréier fir kuerz Zäit Member bei Déi Lénk, war do awer ni aktiv an huet och "ideologesch net harmonéiert"[3]. Am Kader vum Referendum vum 7. Juni 2015 huet de Fred Keup sech fir den Nee zum Auslännerwalrecht bei Chamberwalen agesat an dofir zesumme mam Steve Kodesch am Abrëll 2015 de Veräin Nee Zum Auslännerwahlrecht? gegrënnt. Bei dëser Initiativ huet alles mat enger Internetsäit ugefaangen, déi dunn eng Facebook Säit gouf, a séier Honnerte vu „Likes“ krut. Déi Entwécklung huet dozou bäigedroen datt de Fred Keup och an der "realer" Welt aktiv gouf, sou datt hien un Debatten deelgeholl, a Fluchblieder ausgedeelt huet. An Zäit vu wéinege Woche gouf hien e Politikaktivist.

Wärend der Referendumscampagne huet hien als Porte-parole du camp du « non » gegollt[4] respektiv als der führende Kopf der Nein-Kampagne[3]. Ee vun den Héichpunkte vun der Campagne war de Face-à-face Laura Zuccoli[5] - Fred Keup op RTL Radio Lëtzebuerg.[6]. Nom Referendum huet hien erkläert sech wëllen zeréckzezéien. Schlussendlech huet en awer säi Veräin a Wee2050 ëmbenannt. Zanterhier beschäftegt hie sech an de soziale Medie mat Theeme wéi der Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an dem staarke Bevëlkerungswuesstem.[7] De Fred Keup gesäit sech selwer als "Vertrieder vun der politescher Mëtt".[8]

Seng Positioune sinn ëmstridden, a ginn dacks kontrovers diskutéiert.[9]

Den 2. Mäerz 2018 huet d'ADR zesumme mam Fred Keup, op enger Pressekonferenz eng Kooperatioun fir d'Chamberwalen 2018 annoncéiert. D'ADR stellt der Initiativ bis zu aacht Plazen op hire Lëschten zur Verfügung. Dat erlaabt et dem Fred Keup fir op sou enger Lëscht ze kandidéieren.[10] [11] Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war hie Kandidat op der Lëscht vun der ADR am Süden. Hien ass Drëttplazéierten op der Lëscht ginn an de 14.Oktober 2020, nom Récktrëtt vum Gaston Gibéryen, als Deputéierten an der Chamber vereedegt ginn.[12] Den 19. Mäerz 2022 gouf hien um Nationalkongress vun der Partei zu Réiser als Nofollger vum Jean Schoos zum neie Parteipresident gewielt.[13]

Virun der Kooperatioun mat der ADR war hie Member bei der CSV.[14]

Donieft ass de Fred Keup President vum FC Kehlen.[3] Hien ass ee vun de Comitésmembere vun der Actioun Lëtzebuergesch.[15]

Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.[16]

Literatur

Referenzen an Notten

  1. https://www.wort.lu/de/politik/fred-keup-im-portraet-vom-lehrer-zum-polit-aktivist-556f22400c88b46a8ce5a7a9/
  2. http://paperjam.lu/news/ne-pas-lier-le-droit-de-vote-au-facteur-economique
  3. 3,0 3,1 3,2 http://www.woxx.lu/fred-keup-der-biedermann/
  4. http://www.lequotidien.lu/politique-et-societe/fred-keup-porte-parole-du-camp-du-non/
  5. Presidentin vun der ASTI
  6. http://radio.rtl.lu/emissiounen/face-a-face//633670.html/rss/
  7. http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html
  8. http://nee2015.lu/index.php/kontakt.html
  9. http://www.tageblatt.lu/headlines/fred-keup-kandidiert-auf-adr-liste-kooperation-zwischen-adr-und-wee2050/
  10. http://www.rtl.lu/letzebuerg/1144043.html
  11. https://www.wort.lu/de/politik/wee-2050-nee-2015-neinsager-in-lauerstellung-5981d229a5e74263e13c51b9
  12. https://adr.lu/je-le-jure-ech-schwieren-et-fred-keup-vereedegt/
  13. "Fred Keup ass neien ADR-Parteipresident." 100komma7.lu, 20. Mäerz 2022.
  14. https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/de-fred-keup-war-member-vun-der-csv De Fred Keup war Member an der CSV
  15. http://www.woxx.lu/adr-wee-2050-actioun-letzebuergesch/
  16. https://www.wort.lu/de/politik/fred-keup-im-portraet-vom-lehrer-zum-polit-aktivist-556f22400c88b46a8ce5a7a9