Tom Weidig

lëtzebuergesche Physiker a Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Tom Weidig, gebuer de 7. Dezember 1972 zu Esch-Uelzecht[1] ass a lëtzebuergesche Physiker a Politiker (ADR).

Tom Weidig
Gebuer 7. Dezember 1972
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vun Durham,
Lycée Hubert-Clément,
Universitéit vu Kent,
Indiana University Bloomington,
Imperial College London
Aktivitéit Physiker, Politiker
Partei ADR

Formatioun a Karriär änneren

No senger Première am Lycée Hubert Clément zu Esch (1992) huet den Tom Weidig säi Bachelor of Science (B.Sc.) an der Physik op der Universitéit vu Kent an op der Indiana University Bloomington gemaach. 1996 huet hie säi Master of Science (M.Sc.) an theoretescher Physik am Imperial College zu London gemaach an duerno (1999) en Doktertitel (PhD) an der Deelerchersphysik op der Universitéit vun Durham[1].

Den Tom Weidig schafft zanter 2011 beim Commissariat aux assurances[1].

Politesch Karriär änneren

Bei de Gemengewalen 2023 gouf hie fir d'ADR an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt[2] a bei de Chamberwalen am selwechte Joer huet hien am Bezierk Zentrum fir seng Partei kandidéiert a gouf an d'Chamber gewielt[3].

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 (fr)Tom Weidig | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 11.10.2023.
  2. (fr)Luxembourg. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 11.10.2023.
  3. (fr)Résultats détaillés - Centre. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 11.10.2023.