Roy Reding

lëtzebuergesche Politiker

De Roy Reding, gebuer de 17. Juli 1965 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.

Roy Reding
Gebuer 17. Juli 1965
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Liberté - Fräiheet!

Hien hat laang op RTL Radio Lëtzebuerg eng Rubrik, wou hien den Droit einfach erkläert huet.

1999 gouf hien am Ballottage[1] an de Gemengerot vu Fëschbech bei Miersch gewielt.

Hie war Member vun der LSAP déi hien no 2005 verlooss huet fir der ADR bäizetrieden. Do gouf hie Generalsekretär an duerno ee vun hire Vizepresidenten.

Bei de Wale vum 20. Oktober 2013 gouf hie fir déi Partei an d'Chamber gewielt, a bei deene vum 14. Oktober 2018 erëmgewielt[2]. Enn Juni 2023 huet seng Partei decidéiert, hien net méi fir d'Chamberwale vum 8. Oktober opzesetzen, wouropshin de Reding aus der ADR ausgetrueden ass.[3] Zanter dem 30. Juni 2023 bis zu de Chamberwalen den 8. Oktober 2023 war hie Member vun enger eegener politescher Sensibilitéit mam Numm Liberté Fräiheet.[4] Fir d'Chamberwalen huet hien och mat der Beweegung Liberté - Fräiheet! kandidéiert.[5]

Bei de Gemengerotswalen 2017 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt[6], wou hien am November 2022 demissionéiert huet[7].

Am Januar 2024 huet hien an engem Interview erkläert, datt politesch Ämter hien net méi interesséiere géifen an hien deemno keng ëffentlech Persoun méi wier. Hien hätt eng nei Aarbecht, déi aus enger Mëschung tëschent Juristerei und Immobilie bestoe géif. 3 bis 4 Méint am Joer géif hien a Südafrika verbréngen.[8]

Literatur änneren

Bernard Thomas: " 'Mir sinn einfach Namasté'." d'Lëtzebuerger Land Nr. 48, 02.12.2022, S.6 (Portrait).

Um Spaweck änneren

Commons: Roy Reding – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Resultater an der Gemeng Fëschbech
  2. elections.lu.
  3. "Roy Reding trëtt aus der adr aus." rtl.lu, 30.06.2023.
  4. Roy Reding. chd.lu. Gekuckt de(n) 16. August 2023.
  5. Politesch Beweegung vum Roy Reding geet mat den 8. Oktober.. rtl.lu (15.7.2023). Gekuckt de(n) 16.7.2023.
  6. Fiche op vdl.lu
  7. RTL.lu vum 26.11.20222
  8. Ein SMS-Chat, Kurz mal nachgefragt – Was macht eigentlich Roy Reding?. wort.lu [€], Luxemburger Wort, S. 4 (20.1.2024). Gekuckt de(n) 23.1.2024.