Robert Mehlen

(Virugeleet vu(n) Roby Mehlen)

De Robert Mehlen, gebuer den 12. Mee 1949 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Bauer an ADR-Politiker.

Robert Mehlen
Gebuer 12. Mee 1949
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Entreprener, Bauer
Partei ADR

Hie war vum 18. Juli 1989 bis de 7. Juni 2009 Deputéierte vum Walbezierk Osten an der Chamber.

De Robert Mehlen war Matgrënner an éischte President vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB) an duerno gouf en Éierepresident.

Den 8. Dezember 1991 gouf hie President vum "Aktiounskomitee 5/6", der Virleeferorganisatioun vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei. Hien hat déi Funktioun bis zum Kongress vum 25. Mäerz 2012, wéi de Fernand Kartheiser säin Nofollger gouf, an hien och do Éierepresident gouf.

No der Demissioun vum Fernand Kartheiser am Dezember 2012 gouf de Robert Mehlen nees zum Interimspresident bestëmmt.[1]

De Robert Mehlen war ausserdeem bis 2008 Vizepresident vun der PROCOLA a Vizepresident vun der Milch-Union Hocheifel eG.

Hie wunnt mat senger Famill zu Manternach.

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. ADR: Kartheiser geet, Colombera geet, Mehlen kënnt zréck, rtl.lu, 19. Dezember 2012.
  2. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004