D'Benelux-Parlament ass eng vun den Institutioune vun der Wirtschaftsunioun Benelux. Offiziell ass säin op Lëtzebuergesch iwwersaten Numm Benelux interparlamentaresch Versammlung (franséisch: Assemblée interparlementaire Benelux; hollännesch: Benelux Interparlementaire Assemblee).

Logo vum Benelux-Parlament

Geschicht änneren

D'Parlament gouf de 5. November 1955 mat enger Konventioun tëscht dem Groussherzogtum Lëtzebuerg an de Kinnekräicher Belsch an Holland gegrënnt. Domat huet d'Benelux-Parlament dräi Joer laang existéiert, éier d'Benelux-Unioun 1958 offiziell an d'Liewe geruff gouf. Aus deem Grond befaasst sech d'Parlament och mat méi Theemen, wéi déi, fir déi d'Benelux-Unioun zoustänneg ass. Niewent Benelux-spezifeschen Ugeleeënheete befaasst sech d'Parlament och mat Froe vu kulturellem Rapprochement an Zesummenaarbecht an der Aussepolitik.

A senger Sëtzung vum 12. an 13. Juni 2009 huet d'Benelux-Parlament eestëmmeg e Virschlag fir eng Moderniséierung vun der Funktiounsweis an zu Iwwerpréiwung vun den Ofkommes tëscht den dräi Beneluxstaaten ugeholl.[1] No e puer Joer Diskussiounen iwwer eng Ausweidung vun de Befugnisser vum Benelux-Parlament gouf den 20. Januar 2015 en neit Ofkommes tëscht den dräi Länner ënnerschriwwen.[2] Dora gëtt ënner anerem d'Interpellatiounsrecht gestäerkt an d'Aarbechtsmanéier vum Parlament verbessert. Eng Ausweidung vun de Berodungsfunktioun op e (Mat)-Entscheedungsrecht gouf awer net entscheet, och net an Deelberäicher. Duerch dee Vertrag huet sech och den offiziellen Numm vum Parlament geännert: aus dem Interparlamentaresche Konsultativrot vum Benelux (franséisch: Conseil interparlementaire consultatif du Benelux; hollännesch: Raadgevende Interparlementaire Benelux-raad) ass d'Benelux interparlamentaresch Versammlung ginn.

D'Benelux-Parlament huet net d'Muecht, eegen Entscheedungen ze huelen an nëmmen eng berodend Funktioun. Et erfëllt dräi Aufgaben:

  1. Et beréit déi dräi Landesregierungen zu wirtschaftlecher a grenziwwergräifender Kooperatioun. Et kann awer och Recommandatioun maachen zu aneren Themen, wann déi gemeinsam Interesse betreffen.
  2. Et stimuléiert d'Zesummenaarbecht tëscht de Beneluxlänner an am internationale Kontext.
  3. Et informéiert déi dräi national Regierungen iwwer d'Meenungen an den Ursprongsparlamenter vun den Deputéierten.

Deputéiert änneren

Am Benelux-Parlament sëtzen 49 Deputéiert, déi all an ee Parlament vun den dräi Benelux-Memberstaate gewielt goufen: 21 belsch Deputéiert, 21 hollännesch Deputéiert, a 7 lëtzebuergesch Deputéiert. Déi belsch Membere kommen aus dem federale Parlament (7 aus der Chamber an 3 aus dem Senat) an aus de Parlamenter vun de Communautéiten a Regioune vun der Belsch: 5 aus dem Parlament vun der flämescher Regioun, 2 aus dem Parlament vun der franséischer Communautéit, 2 aus dem Parlament vun der wallounescher Regioun, 1 aus dem Parlament vun der Haaptstadregioun Bréissel an 1 aus dem Parlament vun der däitschsproocheg Communautéit. Déi hollännesch Membere kommen aus dem hollännesche Parlament (12 aus dem Representantenhaus an 9 aus dem Senat). Just déi Lëtzebuerger Vertrieder komme aus enger eenzeger Institutioun, der Chamber.

All Deputéierten huet e Stellvertrieder, deen asprange ka wann hie selwer net disponibel ass.

Fonctionnement änneren

 
D'Benelux-Parlament huet e Sekretariat mat Sëtz am Bréisseler Palais vun der Natioun, dem Sëtz vum belsche federale Parlament

De Sëtz vum Benelux-Parlament rotéiert am Prinzip tëscht den dräi Haaptstied vun de Memberstaaten, Bréissel, Den Haag a Lëtzebuerg. D'Sëtzunge wärend der belscher Presidence rotéieren och tëscht den ënnerschiddleche Parlamenter an der Belsch, dat heescht et goufen och scho Sëtzungen am Parlament vun der Wallonie zu Namouer gefouert.

All Land organiséiert d'Vollversammlung vum Parlament wärend zwee konsekutive Joer. Fir d'Period 2021-2022 läit de Sëtz bei der Belsch, duerno ass Holland un der Rei an zu Lëtzebuerg ass de Sëtz an de Joren 2025-2026. D'Sekretariat vum Benelux-Parlament ass zu Bréissel am Palais vun der Natioun, dem Sëtz vum belsche federale Parlament.

D'Parlament kënnt dräi Mol am Joer fir jee zwee Deeg zesummen. Offiziell Aarbechtssprooche sinn Hollännesch a Franséisch.

D'Membere vum Benelux-Parlament sinn a véier Fraktiounen agedeelt: eng chrëschtlecher Fraktioun, eng sozialistesch/gréng Fraktioun, eng liberal Fraktioun an eng riets-populistesch Fraktioun.

D'Deputéiert schaffen a siwe Fraktiounen. Déi beschäftege sech mat follgenden Themen:

  • grenziwwergräifend Zesummenaarbecht
  • Wirtschaft, Landwirtschaft a Fëscherei
  • Finanzen a Mobilitéit
  • Amenagement vum Territoire, Ëmwelt a Klima
  • Sozial Themen, ëffentlech Gesondheet, Educatioun a Sport
  • Justiz a Sécherheet
  • Auswäertege Ugeleeënheeten

Websäit änneren

Referenzen änneren

  1. Conseil interparlementaire consultatif du Benelux, Compte rendu in extenso des séances, Session 2009, Séances des vendredi 12 et samedi 13 juin 2009, SS. 37-45
  2. Legixlux: Loi du 3 février 2018 portant approbation de la Convention entre le Royaume de Belgique, le Grand-Duché de Luxembourg et le Royaume des Pays-Bas concernant l’Assemblée Interparlementaire Benelux, fait à Bruxelles le 20 janvier 2015.