Paolo Taviani
italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur
De Paolo Taviani, gebuer den 9. November 1931 zu San Miniato, Italien a gestuerwen den 29. Februar 2024 zu Roum, war en italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Paolo Taviani | |
---|---|
De Paolo Taviani an de Vittorio Storaro | |
Gebuer |
8. November 1931 Italien |
Gestuerwen |
29. Februar 2024 Roum |
Nationalitéit | Italien |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schauspiller |
Famill | |
Geschwëster | Vittorio Taviani |
Hie war de Brudder vum Filmregisseur an Dréibuchauteur Vittorio Taviani. Déi Zwéi hunn hir Filmer ëmmer zesumme gedréint.
1977 si se duerch de Film Padre Padrone bekannt ginn. Weider bedeitend Filmer vun hinne sinn La notte di San Lorenzo (1982), Il sole anche di notte (1986) an Cesare deve morire (2012). Am Film Good morning Babilonia (1986) spillt déi lëtzebuergesch Schauspillerin Désirée Nosbusch ënner dem Pseudonym Désirée Becker eng vun den Haaptrollen.
Filmographie
ännerenals Regisseur an Dréibuchauteur zesumme mam Vittorio Taviani
änneren- 1954: San Miniato, luglio '44, (Kuerzfilm)
- 1960: L'Italia non è un paese povero, Regie zesumme mam Joris Ivens
- 1962: Un uomo da bruciare, Regie zesumme mam Valentino Orsini mam Gian Maria Volontè a Spiros Focás
- 1967: I fuorilegge del matrimonio, Regie zesumme mam Valentino Orsini mam Ugo Tognazzi an Annie Girardot
- 1967: I sovversivi
- 1969: Sotto il segno dello scorpione, mam Gian Maria Volontè a Lucia Bosé
- 1971: San Michele aveva un gallo, (TV)
- 1974: Allonsanfan, mam Marcello Mastroianni a Lea Massari
- 1977: Padre, padrone
- 1979: Il prato, mam Michele Placido an Isabella Rossellini
- 1982: La notte di San Lorenzo, mam Omero Antonutti
- 1984: Kaos
- 1986: Good Morning Babilonia, mam Vincent Spano, Greta Scacchi an Desiree Becker
- 1989: Il sole anche di notte, mam Julian Sands a Charlotte Gainsbourg
- 1992: Fiorile, mam Claudio Bigagli
- 1996: Le afinita elletive, mam Isabelle Huppert an Jean-Hugues Anglade
- 1998: Tu ridi
- 2001: Resurrezione, mam Stefania Rocca an Timothy Peach (TV)
- 2004: Luisa Sanfelice, mam Laetitia Casta a Marie Bäumer (TV)
- 2007: La masseria delle allodole, mam Moritz Bleibtreu an Ángela Molina
- 2012: Cesare deve morire
- 2015: Maraviglioso Boccaccio
als Regisseur an Dréibuchauteur
änneren- 2017: Una questione privata
- 2022: Leonora addio