Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

De Carl Edward Sagan, gebuer den 9. November 1934 zu Brooklyn, New York City, gestuerwen den 20. Dezember 1996 zu Seattle, Washington) war en US-amerikaneschen Astronom, Astrophysiker, Exobiolog, Tëleesmoderator, Saachbuchauteur, Schrëftsteller a Visionär.

Carl Sagan
Gebuer 9. November 1934
Brooklyn
Gestuerwen 20. Dezember 1996
Seattle
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun University of Chicago,
University of Chicago,
University of Chicago
Aktivitéit Kosmolog, Astrophysiker, Romancier, Planetolog, Weltraumwëssenschaftler, Science-Fiction-Schrëftsteller, Wëssenschaftsauteur, Astronom, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Saachbuchauteur, Physiker, Dréibuchauteur, Naturalist, Televisiounsmoderateur
Member vun American Philosophical Society, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun, American Astronomical Society, American Association for the Advancement of Science, American Physical Society
Famill
Bestuet mat Linda Salzman Sagan, Lynn Margulis, Ann Druyan
Kanner Dorion Sagan, Jeremy Sagan, Nick Sagan
Voyager Golden Record - Cover mit interstellarer Uweisung fir de Gebrauch
Voyager Golden Record - Dateplack mat Bild- an Touninformationen
Pioneer-Plack

Liewen a Wierk änneren

De Carl Sagan promovéiert 1959 iwwer d'Méiglechkeet vum Liewen op anere Planéiten a bereet de Wee fir d'Exobiologie vir, souwéi fir d'Sich no ausserierdescher Intelligenz (SETI). Hie war Professer a Laboratoiresdirekter op der Universitéit Cornell an hat zu de meeschten onbemannte Weltraummissioune bäigedroen, déi eist Sonnesystem erfuerscht hunn. Seng Iddi war, eng friddlech Noriicht vun der Mënschheet un engem Raumschëff unzebrengen, déi vun enger ausserierdescher Intelligenz verstane ka ginn. Dës Botschaft realiséiert hie mat der gëllener Dateplack Voyager Golden Record an de Raumsonden Voyager 1 a Voyager 2.

Er schrieb und moderierte die – Ausgezeechent mat dem Peabody Award an der Emmy gouf hie mat senger dräizéngdeeleger Tëleesserie Unser Kosmos (Cosmos: A Personal Voyage; Däitsch Éischtsendung 14. Juni 1983), zu där et bill zousötzlech Neibeaarbechtunge komm sinn, zulescht am Joer 2005. Aus der Tëleesserie entstoung e Buch mam selwechten Numm, wat sech iwwer 70 Woche laang an der New-York-Times-Bestsellerlëscht gehalen huet an domat dat meeschtverkaaftent englescht Wëssenschaftsbuch ginn ass. Doriwwer eraus huet de Sagan populärwëssenschaftlech Bicher wéi D'Draache vun Eden, fir dat hien 1978 mat dem Pulitzer-Präis fir Saachbicher ausgezeechent gouf, geschriwwen. Weider huet hien de Roman Contact geschriwwen, deen 1997 mat der Jodie Foster am Film Contact adaptéiert gouf. De Film geet mat de Wierder „FOR CARL“ („Fir Carl“) zu Enn.

De Sagan war Grënnungsmember vum Committee for the Scientific Investigation of Claims of the Paranormal (CSICOP), Member bei der Skeptics Society, Matgrënner an éischte President vun der Planetary Society, President vun der „Division of Planetary Sciences“ vun der American Astronomical Society, President vun der Sektioun fir Planetologie vun der American Geophysical Union, President vun der Sektioun fir Astronomie bei der American Association for the Advancement of Science an 12 Joer laang Editeur vun der Zäitschrëft Icarus, engem Magazin fir planetaresch Fuerschung.

Hie war Coauteur vum Schreiwen, dat virun de Gefore vun engem nukleare Wanter gewarnt huet. Hien huet géint déi ënnerirdesch Atomtester an Nevada demonstréiert an huet d'Gefor vun enger globaler Äerderwäermung duerch Mënschenhand fréizäiteg erkannt, a se mat den Zoustänn um Planéit Venus verglach.

De Carl Sagan war dräimol bestuet; fir d'éischt mat där duerch d'Endosymbiontentheorie bekannter Biologin Lynn Margulis (1957, Mamm vum Dorion Sagan), du mat der Kënschtlerin Linda Salzman (1968, Mamm vum Nicholas Sagan) a vun 1981 bis zu sengem Doud mat der Ann Druyan, der Coauteurin vun e puer vu senger Bicher, der Tëleesserie Cosmos an deen no enger Virlag vum Sagan gemaachene Kinofilms Contact.

No enger laanger a schwéierer Krankheet Myelodysplasie ass de Carl Sagan am Alter vun 62 Joer gestuerwen. Am posthum publizéierte Buch Billions and Billions, stinn e puer vu senge leschten Texter, an hält mat engem Text vu senger Fra op, an deem si de Mënsch Sagan a seng lescht Deeg op eng ganz perséinlech Aart a Weis beschreift.

Den Isaac Asimov huet gesot, datt hien nëmmen zwéi Mënsche getraff huet, déi hie fir méi gescheit, wéi sech selwer gehalen huet. De Carl Sagan wier ee vun deenen (deen aneren, de Marvin Minsky).

D'Landeeenheet vun der Mars Pathfinder Missioun gouf 1997 zu Éiere vum Carl Sagan ëmgedeeft an d'Carl Sagan Memorial Station. No him gouf och dee vum E. Bowell, den 21. Mäerz 1982 entdeckten Asteroid (2709) Sagan benannt.

Auszeechnungen änneren

  • John F. Kennedy Astronautics Award der American Astronautical Society,
  • Explorers Club 75th Anniversary Award,
  • Konstantin-Ziolkowski-Medaille der Soviet Cosmonautics Federation,
  • Masursky Award der American Astronomical Society,
  • Public Welfare Medal der National Academy of Sciences,
  • NASA Apollo Achievement Award,
  • NASA-Medaile fir Exceptional Scientific Achievement und Distinguished Public Service
  • Pulitzer-Präis
  • Oersted Medail 1990

Literatur änneren

  • Carl Sagan: Blauer Punkt im All. Unsere Heimat Universum, Bechtermünz, 2000 (däitschsproocheg Editioun), ISBN 3-8289-3401-3
  • Carl Sagan: Der Drache in meiner Garage. Oder die Kunst der Wissenschaft Unsinn zu entlarven, Droemersche Verlagsanstalt Th. Knaur Nachf., München 1997 (deutschsprachige Ausgabe), ISBN 3-426-77474-7
  • Carl Sagan: Unser Kosmos – Eine Reise durch das Weltall, Droemersche Verlagsanstalt Th. Knaur Nachf., München 1991 (Neuauflage), ISBN 3-426-04053-0
  • Carl Sagan: Contact, Droemersche Verlagsanstalt Th. Knaur Nachf., München 1986 (däitschsproocheg Éischteditioun), ISBN 3-426-60765-4
  • Carl Sagan: ...und werdet sein wie Götter – Das Wunder der menschlichen Intelligenz, Droemersche Verlagsanstalt Th. Knaur Nachf., München 1980, ISBN 3-426-03646-0
  • Carl Sagan / Jonathan Norton Leonard: Die Planeten, Rowohlt Taschenbuch Verlag, Reinbek 1970, ISBN 3-499-18011-1

Um Spaweck änneren

Commons: Carl Sagan – Biller, Videoen oder Audiodateien