Jean-Pierre Theisen
De Jean-Pierre Theisen, gebuer den 9. November 1863 zu Hënchereng, a gestuerwen de 25. Mäerz 1950 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.[1]
Jean-Pierre Theisen | |
---|---|
Gebuer |
9. November 1863 Hunchereng |
Gestuerwen |
25. Mäerz 1950 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schoulmeeschter, Auteur |
Hie war vun 1883 bis 1919 Schoulmeeschter zu Esch-Uelzecht. Vun 1892 un huet hie lues a lues eng Klassen-, dono eng Schoulbibliothéik opgebaut, aus där sech d'Escher Volleksbibliothéik erausgebilt huet. 1919 gouf dës offiziell zu der Escher Bibliothéik ëmbenannt. Den Theisen gouf do Bibliothekar a blouf dat bis 1929.
De Jean-Pierre Theisen ass och Auteur vu Beiträge zur Geschichte der Stadt Esch an der Alzette (1937) an enger Etüd iwwer d'Entwicklung des Unterrichtswesens in Esch an der Alzette.
Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot de 27. Oktober 1960 decidéiert, eng Sakgaass, d'Résidence Jean-Pierre Theisen, no him ze nennen.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.223-224.