Alphonse Grimler

lëtzebuergesche Gewerkschaftler

Den Alphonse (Fos) Grimler, gebuer den 9. November 1942 zu Diddeleng a gestuerwen de 25. Mäerz 1999, war e lëtzebuergeschen Handballspiller, Gewerkschaftler a Politiker.[1]

Alphonse Grimler
Gebuer 9. November 1942
Diddeleng
Gestuerwen 25. Mäerz 1999
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler, Deputéierten, Handballspiller
Partei LSAP

De Fos Grimmler huet iwwer 100 Handballmatcher fir den HB Diddeleng gespillt, dovun 100 fir d'Handballnationalekipp. Duerno war hien och Trainer a 6 Joer President vum H.B. Diddeleng.

Hie war ee vun den Haaptacteure bei der Grënnung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg (OGBL). 1985 gouf de Fos Grimmler als Vertrieder vum OGBL an d'Chambre des employés privés gewielt.

Hie war och Conseiller a Schäffe vun der Gemeng Diddeleng.

Den 3. Mäerz 1998 ass de Fos Grimmler fir d'Lydie Err an d'Chamber nogeréckelt.

Referenzen änneren

  1. Hommage fir de Fos Grimler an der 39. Sëtzung vun der Chamber am Chamberjoer 1998 den 20. Abrëll 1999