Joseph Grosbusch
De Joseph Grosbusch, gebuer den 9. November 1928 zu Ettelbréck, an do gestuerwen den 9. Juli 2008, war e lëtzebuergesche Moler.[1]
Joseph Grosbusch | |
---|---|
De Joseph Grosbusch am Atelier | |
Gebuer |
9. November 1928 Ettelbréck |
Gestuerwen |
9. Juli 2008 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
Liewen a Karriär
ännerenDe Joseph Grosbusch war de Jong vum Jean Grosbusch (1884-1969), engem Enseignant an der Akerbauschoul zu Ettelbréck, an der Julie Kohner. Hie war wéi säi Papp studéierten Ingénieur agronome an huet bis 1989 an der Akerbauschoul enseignéiert.
1961 huet de Grosbusch ugefaange mat molen, hie war Autodidakt.[2] Hien huet figurativ Wierker geschaaft, wouranner e symbolesch a surrealistesch Elementer verschafft huet. Hie gouf Member vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) an huet vun 1963 un op deem senge Salonen ausgestallt.[1] Hien huet bei villen Ausstellungen augestallt, ë. a. zesumme mam Michel Breithoff, Michel Heintz a Roger Roemer an der Orangerie zu Munneref.[3]
1969 krut hien, zesumme mam Roger Kieffer an dem Paul Reichling de Prix Grand-Duc Adolphe. 1998 gouf hie mam Kaiser-Lothar-Preis ausgezeechent[4].
Auszeechnungen
änneren- Prix Grand-Duc Adolphe, 1969;
- Kaiser-Lothar-Preis, Prüm, 1998.
Literatur
änneren- Bisdorff, G., 2008. Joseph Grosbusch et son monde imaginaire: le «maître incontesté de notre peinture caricaturale et moralisatrice». In: Die Warte 2008, N° 31 (30. Oktober), S. 5-6.
- Tousch, P., 1978. Das Bild im Bild: [Fragen, Zweifel und Ängste des Malers Joseph Grosbusch]. Luxembourg: Impr. print-service, 88 S.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Luxembourg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
- ↑ Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 113-114.
- ↑ "Ausstellung zeitgenössischer Luxemburger Künstler", Luxemburger Wort, 5. August 1974.
- ↑ Luxemburger Wort 1998-06-06, S. 6.