De Guillaume Apollinaire, gebuer als Wilhelm Albert Włodzimierz Apolinary Kostrowicki de 26. August 1880 zu Roum a gestuerwen den 9. November 1918 zu Paräis, war e franséischsproochege Schrëftsteller an Dichter.

Guillaume Apollinaire
Gebuertsnumm Wilhelm Albert Włodzimierz Apollinaris de Wąż-Kostrowicky
Pseudonym Fernand Laviet
Gebuer 26. August 1880
Roum
Gestuerwen 9. November 1918
Paräis
Doudesursaach Spuenesch Gripp
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Dramatiker, Konschtkritiker, Diarist, Geschichtenerzieler, Literaturkritiker, Zeechner
Famill
Bestuet mat Amélia Kolb

Hie war de Jong vun enger Italieenerin an engem polneschen Diplomat (oder éischter der Mamm hirem italieeneschen Amant). Nodeems en zu Roum an zu Monaco opgewuess ass, an no e puer Reesen doruechter, koum hien op Paräis, wou en Ufanks als nègre (Ghostwriter) geschafft huet.Déi Zäit huet hien ugefaangen, Gedichter ze schreiwen. Ausserdeem huet hie Reesreportage an erotesch bis pornographesch Texter publizéiert.

1913 koum d'Gedichtersammlung Alcools eraus, eng vun de wéinege Gedichtersammlungen, déi wärend sengem Liewen erauskoumen. 1914 gouf en an d'Arméi agezunn, an 1916 schwéier um Kapp verwonnt. Dono huet hien haaptsächlech Artikele fir Zeitunge geschriwwen. Hien ass am November 1918 un der Spuenescher Gripp gestuerwen a gouf um Kierfecht Père-Lachaise begruewen.

No sengem Doud koum Calligrammes eraus; e Gedichtsband, deem säi Schrëftbild gläichzäiteg verschidde Saache representéiert huet.

'Salut monde (...)' aus Calligrammes (1918).

Den Apollinaire war bekannt mat Leit wéi dem Pablo Picasso, dem Maurice de Vlaminck, dem Henri Matisse, dem Georges Braque, dem Max Jacob, dem Henri Rousseau oder den Dadaist Tristan Tzara. Hien huet verschidde Begrëffer vu Konschtgattunge (mat)geprägt wéi "Surrealismus", "Orphismus" a "Kubismus".

Hie gouf eng Kéier (fälschlecherweis) verdächtegt, um Déifstal vun der Mona Lisa bedeelegt gewiescht ze sinn.

Wierk (Auswiel) änneren

 
D'Graf um Père-Lachaise-Kierfecht
  • Les Mamelles de Tirésias (1907; Theaterstéck)
  • L' Enchanteur pourrissant (1909; Erzielungen, illustréiert vum André Derain)
  • La Chanson du Mal-Aimé (1909; Gedichter)
  • L' Hérésiarque et Cie (1910; Erzielungen)
  • Le Bestiaire ou Cortège d'Orphée (1911; Gedichter, illustréiert vum Raoul Dufy)
  • Les Peintres cubistes, méditations esthétiques (1913; Essay)
  • Alcools (1913; Gedichter)
  • Le poète assassiné (1916; Erzielungen)
  • Calligrammes (1918; Gedichter)
  • Le Flâneur des deux rives (1918; Gedichter)
  • Vitam impendere amori (1918; Gedichter)
  • La Femme assise (1920; Roman)
  • Il y a (1924; Gedichter)
  • Ombre de mon amour (1947; Gedichter)
  • Poèmes à Lou (1955; Gedichter).

Um Spaweck änneren

Commons: Guillaume Apollinaire – Biller, Videoen oder Audiodateien