Pazifik

gréissten Ozean
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pazifeschen Ozean, och Pazifik genannt, ass mat 181,34 Mio. km² (mat Niewemierer) dee gréissten a mat 11.034 m deen déifsten Ozean vun der Äerd.

Kaart vum Pazifeschen Ozean
Inselwelt a Kontinentaldrift

De Pazifik läit tëschent der Arktis am Norden, Amerika am Osten, der Antarktis am Süden, Australien am Südwesten, Ozeanien am Westen an Asien am Nordwesten. E grenzt un all aner Ozeaner.

Et leien eng sëllegen Inselen a senge grousse Wäiten.

Säin Numm krut e vum Ferdinand Magellan, dee bei senger Weltëmsegelung den 28. November 1520 vun der Magellanstrooss hier koum an op eemol net méi vun de Stierm geplot war déi e bis dohi begleet hunn. "Mar Pacifico" ass Portugisesch/Spuenesch fir "Friddlecht Mier". Trotz sengem Numm gëtt et awer och am Pazifik ferm Stierm, déi jee no Regioun Taifun oder Hurrikan genannt ginn.

Literatur änneren

  • Joachim Feyerabend: Pazifik. Ozean der Zukunft. Koehlers Verlagsgesellschaft, Hamburg 2010, ISBN 978-3-7822-1017-1
  • Leier Manfred: Weltatlas der Ozeane – mit den Tiefenkarten der Weltmeere. Frederking und Thaler, München 2001, ISBN 3-89405-441-7, S. 154–187

um Spaweck änneren

Commons: Pazifeschen Ozean – Biller, Videoen oder Audiodateien