Fred Astaire

amerikaneschen Dänzer

De Frederick Austerlitz genannt Fred Astaire, gebuer den 10. Mee 1899 a gestuerwen den 22. Juni 1987, war en US-amerikaneschen Dänzer a Schauspiller.

Fred Astaire
Gebuertsnumm Frederick Austerlitz
Gebuer 10. Mee 1899
Omaha
Gestuerwen 22. Juni 1987
Los Angeles
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmschauspiller, Choreograph, Sänger, Dänzer, Filmproduzent, Museker, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsmoderateur, Televisiounsschauspiller, Discographesche Kënschtler, Schauspiller
Partei Republikanesch Partei
Famill
Bestuet mat Phyllis Livingston Potter, Robyn Smith
Papp Fritz Austerlitz
Mamm Ann Astaire
Geschwëster Adele Astaire

De Fred Astaire ass am Ufank vu senger Carrière haaptsächlech zesumme mat senger Sëschter Adèle opgetrueden, a si hu grousse Succès um Broadway an zu London gehat mat hire Stécker Lady Be Good,Funny Face a The Band Waggon.

Nodeem seng Sëschter sech 1932 mam Lord Charles Cavendish bestuet hat, ass de Fred Astaire eleng opgetratt a gouf och gläich duerno vun M.G.M. engagéiert fir de Film Dancing Lady an deem hien zesumme mat der Joan Crawford an dem Clark Gable gespillt huet.

Duerno huet hie Filmer a Musicale bei R.K.O gedréit, wou hien och d'Ginger Rogers begéint huet. Mat der Ginger Roberts huet hien an 10 Filmer gespillt, dovun ënner anerem Flying down to Rio, Swing Times an Top Hat.

Säi Wonsch fir seng Fanen ëmmer erëm z'iwwerrasche geet am beschten a sengem leschte Film Ghost Story an Erfëllung well en an deem Film de Béise spille kann.

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Fred Astaire – Biller, Videoen oder Audiodateien