D'Affär vum Jorhonnert

Comic aus der Superjhempserie


D'Affär vum Jorhonnert ass den 3. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga.

D'Affär vum Jorhonnert
Land Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Erauskomm 1990
Auteur Lucien Czuga
Zeechnungen Roger Leiner
Serie Superjhemp
Band virdrun Dynamit fir d'Dynastie
Band duerno Den Dossier Hexemeeschter

Ëm wat geet et ? änneren

  Opgepasst : De Schluss vun der Geschicht oder en Deel dovu gëtt hei verroden!

De Band fänkt u mat engem Kongress vum F.R.I.C. (Fédération des rois internationaux du crime). Op deem Kongress versprécht eis de fréieren Haaptkommissär Dämps eng "Affär vum Joerhonnert". E puer Deeg drop kritt de Superjhemp e Pak mat engem Dëppche Kachkéis. Hien ësst eng Schmier mat deem Kachkéis, kritt gréng Punkten an d'Gesiicht a fält ëm. De Superjhemp ass mam KAIDS (Kachkéisimmanent Attackvire fir d'Infektioun vun Dapere Superjhempen) infizéiert.

Lusch Gestalte profitéiere vun deem zäitweilege Malaise vum Superjhemp, klauen den europäesche Geldiesel a verstoppen en am Stau. Kuerz drop daucht dann op eemol ee Monster am Stau op. De Superjhemp, deen an der Tëschenzäit erëm gesond ass, kritt den Optrag, den europäesche Geldiesel zeréckzefannen. De Superjhemp flitt sech de Stau ukucken, gëtt do awer vum Monster iwwerrascht a mat Whisky ausgeschalt.

Erëm doheem kritt de Superjhemp eng Kaart aus Schottland. D'Félicie an d'Kanner sinn do an der Vakanz an zielen him vun engem gewësse Supermac, deen a Schottland d'Nessie, d'Monster vu Loch Ness gezeemt huet. Hie flitt also a Schottland, fir de Supermac ze treffen, well hie geet dovun aus, datt deen him hëllefe kann, dat Monster aus dem Stau onschiedlech ze maachen. Nodeem en a Schottland ukomm ass, erkläert hien dem Supermac de Problem, an zesumme komme se zeréck op Luxusbuerg, wou de Supermac mat Hëllef vun Duddelsakgesank d'Monster zur Streck bréngt. Bei dem Kampf mécht d'Monster awer d'Staumauer futti, an d'Land gëtt nëmme gerett, well de Superjhemp d'Staumauer mat Kachkéis fléckt.

Well awer beim Brieche vun der Mauer Waasser aus dem Stau gelaf ass, gesinn de Superjhemp an de Supermac eng ganz Rei vu Saachen um Grond vum Stau, ënner anerem dat Monster, dat a Wierklechkeet en U-Boot war, awer och den europäesche Geldiesel. De Superjhemp bréngt de Geldiesel nees zeréck op seng Plaz an de Supermac flitt erëm heem a Schottland. Ier hien awer fir ëmmer verschwënnt, schenkt hien dem Superjhemp nach säi Superhond Bernie, deen zanter deem Moment zu der Famill Kuddel gehéiert, an an all Album erëmkënnt.

Personnagen am Album änneren

(alphabetesch Lëscht vun de Personnagen déi an der Geschicht virkommen oder ernimmt ginn)

  • Aimée Gaphon
  • Al Kapott
  • Alcide de Gasperich
  • Andy Bauschbinder
  • Battin
  • Beppi Bordello
  • Bernie
  • Charel Kuddel
  • Commodore Incommodo
  • Désirée Nutbush-Citylimits
  • Dokter Exitus
  • Dokter Schwartz-Wald
  • Dongeldinger
  • Félicie Kuddel-Fleck
  • Gebloedels
  • Général de Goal
  • Grollo
  • Heng Dötroie
  • Jean Monnaie
  • Jean Stackdaf
  • Jolidry
  • Joseph Blech
  • Kommissär Harespel
  • Léandre Schrobiltgen
  • Lemmes, Här
  • Léonie Lamesch
  • Lucien Geméchels
  • Mao Tse Tse
  • Minister Minit
  • Otto Dumm-Dumm
  • Pol Temkine
  • Prënz Luc
  • Robert Holzhütten
  • Robert Schumënz
  • Rudi Rapt
  • Salopette
  • Schwëster Sonneblumm
  • Superjhemp
  • Tiltges, Här
  • Toni Terminus

Kuckt och änneren


Referenzen an Notten änneren