De Fluch vun der 23
De Fluch vun der 23 ass den 18. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Sprooch | Lëtzebuergesch |
Erauskomm | 2004 |
Auteur | Lucien Czuga |
Zeechnungen | Roger Leiner |
Serie | Superjhemp |
Band virdrun | D'Aaxt vum Béisen |
Band duerno | Countdown fir Kachkéisien! |
Ëm wat geet et?
ännerenNom Doud vum Poopst Jean-Polak II. kënne sech d'Kardineel net op e Nofollger eenegen. Do grueft ee vun hinnen eng al Reegel vum Konklav aus, no där den neie Poopst a sou engem Fall bestëmmt ka ginn, andeems den eelste walberechtegte Kardinol, de Kardinol Opdekapp, en Dartféil op e Globus schéisst. Getraff gëtt Luxusbuerg...
Iwwerdeems gondele op der Näischtcroisière de Charel Kuddel mat Famill an den Inspekter Schrobiltgen op der MS Katzür duerch d'Mëttelmier. D'Vakanz ass grad sou schéin, do gëtt den Tenor Luciano Pafendalli mat engem Messer ermuert. Nieft der Läich läit en Ziedel mat engem roude "W" drop. De Charel ass séier an de Superjhemp verwandelt an zesumme mam Schrobiltgen gesi se just nach en Onbekannte mat roudem Ëmhang an eisener Händsch entwutschen. De Schrobiltgen léisst zwar aus engem Ufanksverdacht eraus de Messerwerfer Camillo Geetetlass aspären, mä op där nächster Escale vun der Croisière zu Roum hu mer erëm deen ominéisen Onbekannten, deen déi Kéier den Edmond Zwerg, Paschtouer vun Diddl-éng, ermuerde wëll (dee béckt sech awer am leschte Moment, well säi Stréckel lass ass). Op engem Bam ass erëm dee roude "W". De Paschtouer, dee sech a sou Saachen auskennt, kläert eise Superheld op, datt d'Wiechter vun der 23, e Geheimbond, dee géint d'Kierch kämpft, de "W" als säin Zeechen erausgesicht huet, well dat den 23. Buschtaf am Alphabet ass. D'23 ass souzesoen eng mystesch Zuel.
Erëm doheem zu Luxusbuerg gi mer da gewuer, datt et keen anere wéi den Edmond Zwerg ass, deen zum neie Poopst gewielt gouf. An dat éischt Attentat huet u sech och him gegollt, well hie mam Pafendalli kuerz virum Muerd nach d'Kabinne getosch hat. Den Nurbi an den Norbi vum Wattikanesche Geheimdéngscht sollen den Edmond Zwerg elo sécher op Roum zeréckbréngen. D'Wiechter vun der 23 versichen awer ënnerwee, den neie Poopst ze "poopstnäppen", anscheinend awer fir en ze protegéieren. An de groussen Onbekannten, dee sech vu sengem Chef Iotum nenne léisst, ass och nach ëmmer hanner dem Edmond Zwerg hier.
Zur selwechter Zäit plangt eng radikal islamistesch Organisatioun en Attentat zu Luxusbuerg, wou d'Final vun „Öropa sicht de Super-President“ iwwer d'Bün goe soll. Bei dëser Geleeënheet wëlle se all öropäesch Staatscheffen an d'Luucht sprengen an domat ganz Öropa an de Chaos stierzen. Zesumme mam James Blond, dem Spioun vun der Kroun, verhënnert de Superjhemp natierlech déi zwee Pläng[1].
Kuriéises
ännerenAm Album sinn zwou Fënsteren, déi net vum Superjhemp selwer futtigemaach gi sinn (am viregen Album ass dat och schonn eng Kéier virkomm). An e Revue-Lieser huet däerften eng ganz Säit selwer illustréieren.
Personnagen am Album
änneren(alphabetesch Lëscht vun de Personnagen déi an der Geschicht virkommen oder ernimmt ginn)
Kuckt och
änneren
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Quell vun dësem Abschnitt: Lucien Czuga, Synopsis - De Superjhemp an de Fluch vun der XXIII, an: De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck (2019)